Kanton Obwalden
Obwalden ass e Kanton am Zentrum vun der Schwäiz. Zesumme mat Nidwalden gehéiert en zum historesche Kanton Unterwalden. Et ass ee vun de sechs sougenannten Hallefkantonen.
Kanton Obwalden | |
---|---|
Land: | Schwäiz |
Haaptuert: | Sarnen |
Fläch: | 491 km² |
Awunner: | 35'585 (2010) |
Bäitrëtt an Eedgenosseschaft: | 1291 |
Sproochen: | Däitsch |
De Kanton heescht:
- op Däitsch: Obwalden
- op Franséisch: Obwald
- op Italieenesch: Obvaldo
- op Rätoromanesch: Sursilvania
Geographie
Obwalden grenzt am Nordosten un de Vierwaldstätterséi, am Norden an Nordwesten un de Kanton Luzern, am Süden un de Kanton Bern. Am ëstlechen Deel gëtt op der ganzer Längt vun Nidwalden duerchgeschnidden. Doduerch gëtt en Deel eng Exklav déi vun Nidwalden am Westen, dem Kanton Uri am Osten, a vum Kanton Bern am Süden agegrenzt gëtt.
Obwalden besteet aus de Gemengen Alpnach, Engelberg, Giswil, Kerns, Lungern, Sachseln a Sarnen.
Den héchste Punkt am Kanton ass den Titlis mat 3.238 Meter, an déi déifst Plaz ass de Vierwaldstätterséi mat 434 Meter.
Um Spaweck
Commons: Kanton Obwalden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake