Karl Malden


De Karl Malden, gebuer den 12. Mäerz 1912 zu Chicago als Mladen George Sekulovich (Serbesch: Младен Ђорђе Секуловић), a gestuerwen den 1. Juli 2009 zu Brentwood bei Los Angeles war en US-amerikanesche Schauspiller.[1][2]

Karl Malden
Gebuer22. Mäerz 1912
Chicago
Gestuerwen1. Juli 2009
Brentwood
DoudesursaachKrankheet
NationalitéitUSA
EducatiounStella Adler Studio of Acting
AktivitéitTelevisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur

Liewen a Karriär

De Karl Malden ass den eelste Jong vun enger Tschechin an engem Serb.[2] Hien ass bis e fënnef Joer al war a senger Gebuertsstad Chicago an duerno zu Gary am US-Staat Indiana opgewuess.[1]

Éier de Karl Malden 1933 op der Goodman Theatre Dramatic School zu Chicago Schauspillunterrecht geholl huet, war hie Schmelzaarbechter, an engem Heichuewebetrib, wou hie mat Aarbechten déi mat groussem Risiko verbonne waren, vill Sue verdéngt hat.

Säin Numm huet hien Enn der 1930er Joren, op e Rot vum Elia Kazan geännert.[1]

Seng Holliwoodcarrière huet hien an zwéi Klassiker ugefaangen. Fir eng Nieweroll am Film A Streetcar Named Desire, an deem hien de scheie Mitch spillt, deen an d'Südstaatlerin Blanche Dubois verléift ass, krut hien en Oscar. Am Film On the Waterfront, spillt hien e Paschtouer, deen e jonke Boxer a sengen Aktioune géint korrupt Gewerkschaftsbosser ënnerstëtzt. An den zwéi Filmer hat den Elia Kazan d'Regie, an dem Malden säi Partner war de Marlon Brando.

Hien huet ë. a. a Broadway-Theaterstécker, a Western, Spionagefilmer a Musicale matgespillt. Mat seng bekanntst Roll war déi vum Läitnant Mike Stone zesumme mam Michael Douglas (Inspekter Heller), an der Televisiounsserie The Streets of San Francisco.

Säi leschten Optrëtt hat de Karl Malden am Joer 2000 an der US-Serie West Wing déi den deeglechen Oflaf vum Liewe vun engem fiktive President am Wäissen Haus weist, an där hien e Paschtouer spillt.

De Karl Malden, dee vun 1938 u mat der Schauspillerin Mona Graham bestuet war, huet a 70 Filmer matgespillt, a war vun 1989] bis 1992 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences.

Filmographie

De Karl Malden an den 1950er

als Regisseur (Kino)

als Schauspiller (Kino)

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1987

  • 1982: Twilight Time, vum Goran Paskaljevic mam Jodi Thelen
  • 1983: The Sting II, vum Jeremy Kagan mam Jackie Gleason an Oliver Reed
  • 1986: Billy Galvin, vum John Gray mam Lenny von Dohlen an Joyce Van Patten
  • 1987: Nuts, vum Martin Ritt mam Barbra Streisand a Richard Dreyfuss

als Schauspiller (TV)

  • 1949: The Ford Theatre Hour, Episod: Little Women (TV-Serie)
  • 1950: Armstrong Circle Theatre, Episod: Anything But Love (TV-Serie)
  • 1952: Celanese Theatre, Episod: The Animal Kingdom (TV-Serie)
  • 1972-1977: The Streets of San Francisco, (120 Episoden) (TV-Serie)
  • 1977: Captains Courageous, vum Harvey Hart
  • 1980: Skag, (6 Episoden) (TV-Serie)
  • 1981: Miracle on Ice, vum Steven Hilliard Stern
  • 1981: Word of Honor, vum Mel Damski
  • 1984: With Intent to Kill, vum Mike Robe mam Paul Sorvino a Shirley Knight
  • 1984: Fatal Vision, vum David Greene mam Eva Marie Saint a Barry Newman
  • 1988: My Father, My Son, vum Jeff Bleckner mam Keith Carradine
  • 1989: The Hijacking of the Achille Lauro, vum Robert L. Collins mam Lee Grant a Vera Miles
  • 1990: Call Me Anna, vum Gilbert Cates mam Patty Duke
  • 1991: Absolute Strangers, vum Gilbert Cates mam Henry Winkler a Patty Duke
  • 1992: Back to the Streets of San Francisco, vum Mel Damski mam Debrah Farentino
  • 1993:They've Taken Our Children: The Chowchilla Kidnapping , vum Vern Gillum mam Julie Harris
  • 2000: The West Wing, Episod: Take This Sabbath Day (TV-Serie)

Um Spaweck

Commons: Karl Malden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen