Keelbaach

D'Keelbaach[2] ass eng Baach déi duerch Frankräich a Lëtzebuerg leeft.

Keelbaach
De renaturéierten Deel vun der Keelbaach op der Héicht vum Park Ouerbett zu Keel
Längt17,97 km[1]
Debit0,05 m³/s
Originn
OriginnQuell
PlazAumetz
Héicht380 m
Konfluenz
Leeft anUelzecht
PlazHueschtert
Hunchereng
Héicht273 m
Koordinaten49° 30’ 52.37’’ N
      06° 03’ 52.70’’ O

Hir Quell ass hautdesdaags administrativ zu Aumetz lokaliséiert, op enger Héicht vu ronn 380 Meter. Vun do leeft se no Osten, duerch de Fonds de Pierreuse an Direktioun Nonkeel, wou se am Dall da praktesch e rechte Wénkel an Direktioun Ëtteng mécht. Well awer praktesch all d'Waasser aus hirem ieweschte Laf am karstege Kaleksteen an an de Galerien aus der Géigend versickert, entspréngt d'Keelbaach quasi eng zweet Kéier bei Nonkeel, wou eng Pompelstatioun Waasser aus der Grouf Ëtteng II pompelt [3]. Ier d'Minièren zougemaach hu gouf se vun dräi Pompelstatiounen zu Ëtteng, an e puer anerer vun Aumetz, Tressange a Bure gefiddert.

Bei der Grenzmaark FL85 tëscht Rëmeleng an Ëtteng kënnt d'Baach op Lëtzebuerger Terrain a fléisst zu Hunchereng tëscht dem CR165 an der Huncherenger Millen an d'Uelzecht.

Um Territoire vu Lëtzebuerg huet Baach eng Längt vu ronn 9 km, dovun zu Rëmeleng 450 Meter ënner dem Buedem. De Sandre gëtt fir Frankräich eng Längt vun 8,97 km un, mat dem Numm Kaelbach an dem Code A8910300.

Niewebaachen

  • Pierreuse (haut vum Sandre als Quell festgeluecht, versickert awer ier se d'Keelbaach erreecht)
  • Les Fontaines (op der topographescher Kaart nach just bis virun Ëtteng agezeechent)
  • Walertflass (existéiert net méi)
  • zu Keel d'Biermecht an d'Puelbech


Biller

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Keelbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten