Koo Nimo
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Dr.[1] Agya Koo Nimo, gedeeft als Daniel Amponsah, gebuer den 3. Oktober 1934[2] am Duerf Foase an der Regioun Ashanti, ass e ghanaesche Museker a Komponist[3]. Hien ass e Sänger a Gittarist, deen an de Folk-, Palmwine- an Highlife-Genren opgeféiert huet[4].
Koo Nimo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Kwabena Boa-Amponsem |
Gebuer | 3. Oktober 1934 |
Nationalitéit | Ghana |
Educatioun | Adisadel College |
Aktivitéit | Komponist, Gittarist, Sänger |
De Koo Nimo ass Member vun enger Kinneksfamill. Hien huet zu London Chimie studéiert, a baussent der Musek huet hien als Chemielaborant op der Kwame Nkrumah University of Science and Technology zu Kumasi (bis d'Joer 1998) geschafft[3].
1957 huet den Nimo Folkmuseksgrupp Adadam Agofomma gegrënnt, déi am Ghana beléift war. 1990 koum säin éischte Soloalbum Osabarima eraus; et war och den éischte CD-Album vun engem ghanaesche Museker. Hien ass bekannt fir seng spezifesch a komplizéiert Aart a Weis vum Gittarspill[3].
De Koo Nimo ass bekannt am Ghana an huet och baussent sengem Land Succès, a gouf als dichtege lokale Folksänger, "Kinnek vun der Palmwine-Musek"[4] a souguer als "Legend" vun der ghanaescher Musek consideréiert[3].
Hien ass och bekannt als Filmkomponist[5], Propagandist vun der traditioneller Konscht an Ënnerstëtzer vum Copyright[4].
Discographie (Auswiel)
- 1990: Osabarima
- 1996: Ohia Ye Ya
- 2000: Tete Wobi Ka
- 2003: Vintage Palmwine
- 2012: Highlife Roots Revival
- 2016: Palm-Wine Music In The 21st Century