Le Jeudi
Le Jeudi war eng lëtzebuergesch Wochenzeitung a franséischer Sprooch, déi vum 17. Abrëll 1997 bis de 6. Juni 2019[1],[2], wéi den Numm et seet, donneschdes bei den Éditions Editpress erauskomm ass. Den Ënnertitel war: "L'hebdomadaire luxembourgeois en français".
Logo vum Jeudi | |
Typ | Wochenzeitung |
---|---|
Periodizitéit | 1 Woch |
Sprooch | Franséisch |
Éischt Ausgab | 17. Abrëll 1997 |
Lescht Ausgab | 6. Juni 2019 |
Editiounshaus | Editpress |
Format | Berliner Format |
Websäit | http://www.lejeudi.lu/ |
Zuelen
Oplo
Verkaaften Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel beglaubegt gouf:[3]
uganks 2000 | ... | 4. Trimester 2008 | 2. Tr. 2009 | 4. Tr. 2009 | 2. Tr. 2010 | 4. Tr. 2010 |
---|---|---|---|---|---|---|
3.410 | ... | 3.062 | 2.923 | 2.810 | 2.736 | 2.692 |
Lieserstatistik
2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 7,20 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch de Jeudi gelies. 2006/2007 waren dat der 7,70%; 2007/2008 8,10% an 2008/2009 7,10%.[4] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.[5]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 24.600 Leit iwwer 15 Joer de Jeudi gelies (5,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]
Pressehëllef
2011 huet de Jeudi 327 751 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]