Le Quotidien

Le Quotidien ass eng franséischsproocheg Lëtzebuerger Dageszeitung, déi zanter dem 14. November 2001 bei der Lumédia SA erauskënnt.

Lumédia gehéiert zu jee 50 % den Éditions Editpress an dem Républicain lorrain. De Républicain lorrain hat virdru jorelaang eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg erausginn. Mat där gouf opgehal, wéi de Quotidien bis erauskoum.

Chefredakter ass zanter August 2019 de Chris Mathieu. Hien huet d'Plaz vum Fabien Grasser iwwerholl, deen d'Redaktioun vun 2010 u geleet huet[1]. Do virdru war de Jean-Marie Martini de Chefredakter.

Am November 2010 huet sech de Quotidien een neie Look zougeluecht an nei Rubricken agefouert[2].

Zuelen

Oplo

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf[3]:

0004/20080000002/20090000004/20090000002/20100000004/2010000...0002/2012000
4.9985.0894.7414.6674.622...4.084

Lieserstatistik

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 7,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer de Quotidien gelies. 2006/2007 waren et der 7,30%; 2007/2008 7,10 % an 2008/2009 7,30 %.[4] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.[5]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 24.400 Leit iwwer 15 Joer de Quotidien gelies (5,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]

Pressehëllef

2011 huet de Quotidien 1 230 289 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Le Quotidien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen