Leopold II. (HRR)

Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Leopold II., och nach Leopold vun Habsburg-Loutrengen, gedeeft als Petrus Leopoldus Ioannes Antonius Joachim Pius Gotthardus, gebuer de 5. Mee 1747 zu Wien an och do gestuerwen den 1. Mäerz 1792, war vu 1765 bis 1790 (als Peter Leopold) Groussherzog vun der Toskana a vu 1790 bis zu sengem Doud réimesch-däitsche Keeser an ë. a. och Kinnek vu Béimen, Ungarn, Kroatien a Slawonien, Äerzherzog vun Éisträich an Herzog vu Lëtzebuerg.

Leopold II.
Titelen
Groussherzog vun der Toskana
Zäitvu 1765 bis 1790
VirgängerFranz I. Stephan
NofollgerFerdinand III.
Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Zäit1700 bis 1792
VirgängerJoseph II.
NofollgerFranz II.
Biographie
Gebuer5. Mee 1747
Wien
Gestuerwen1. Mäerz 1792
Wien
PappFranz I. Stephan
MammMaria Theresia vun Éisträich
GeschwësterJoseph II., Maria Karolina vun Éisträich, Marie-Antoinette vun Éisträich
KannerFranz II. (HRR), Karel vun Éisträich-Teschen

Hie war dat néngt Kand vum réimesch-däitsche Keeser Franz I. Stephan an der Äerzherzogin Maria Theresia vun Éisträich.

De Leopold huet sech de 5. August 1765 zu Innsbruck mat der Infantin Maria Ludovica (1745–1792) bestuet, enger Duechter vum Kinnek Karl III. vu Spanien. D'Koppel krut 16 Kanner, dorënner den eelste Bouf Franz II. Joseph Karl (1768–1835), de leschte réimesch-däitsche Keeser an als Franz I., den éischte Keeser vun Éisträich.

Um Spaweck

Commons: Leopold II. (HRR) – Biller, Videoen oder Audiodateien