Mário Soares

De Mário Alberto Nobre Lopes Soares, gebuer de 7. Dezember 1924 zu Lissabon, an och do de 7. Januar 2017 gestuerwen, war e portugisesche Politiker an eng Schlësselfigur vun den Ufanksjore vun der Drëtter Republik.

Mário Soares
GebuertsnummMário Alberto Nobre Lopes Soares
Gebuer7. Dezember 1924
Lissabon
Gestuerwen7. Januar 2017
Lissabon
DoudesursaachHiereschlag
NationalitéitPortugal
EducatiounUniversitéit vu Lissabon
AktivitéitPolitiker, Affekot, Schrëftsteller
Famill
Bestuet matMaria Barroso

Hien huet den 19. Abrëll 1973 am Exil zu Bad Münstereifel d'Sozialistesch Partei vu Portugal gegrënnt. 1974, no der Oeillets-Revolutioun, gouf hien Aussenminister. Dono war hien dräimol Premierminister: vun 1976 bis 1977, 1978 a vun 1983 bis 1985.

Vun 1986 bis 1996 war hien iwwer zwee Quinquennate President vun der Republik Portugal.

Dono war hie vun 1999 bis 2004 Deputéierten am Europäesche Parlament.

Literatur

  • Mário Soares, Portugal - Rechtsdiktatur zwischen Europa und Kolonialismus, Rowohlt, Reinbek bei Hamburg, 1973.

Um Spaweck

Commons: Mário Soares – Biller, Videoen oder Audiodateien