Malcolm Hartley

australeschen Astronom


De Malcolm Hartley, gebuer de 15. Februar 1947 zu Bury am Lancashire an England, ass en australeschen Astronom.

Malcolm Hartley
Gebuer15. Februar 1947
Bury
NationalitéitAustralien
EducatiounUniversitéit vun Edinburgh
AktivitéitAstronom

Hien huet um Siding-Spring-Observatoire geschafft, wou en tëscht 1988 an 1997 dräi Asteroiden entdeckt[1] huet.

Säi Bekanntheetsgrad krut hien duerch d'Entdeckung vun 13 Koméiten, woubäi hien der véier eleng entdeckt huet.

Den Asteroid (4768) Hartley gouf no him genannt.

Entdeckt Objeten

Koméiten
79P/du Toit-Hartleymam D. du Toit80P/Peters-Hartleymam C. Peters
100P/Hartley (Hartley 1)103P/Hartley (Hartley 2)
110P/Hartley (Hartley 3)119P/Parker-Hartleymam Q. Parker
123P/West-Hartleymam R. West161P/Hartley-IRASmam IRAS
C/1984 W2 (Hartley)C/1985 R1 (Hartley-Good)
P/1994 N2 (McNaught-Hartley)mam R. McNaughtC/1995 Q2 (Hartley-Drinkwater)mam M. Drinkwater
C/1999 T1 (McNaught-Hartley)mam R. McNaught
Asteroiden
(21374) 1997 WS2224. November 1997(65674) 1988 SM29. September 1988

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen