Robert McNaught
De Robert H. McNaught, gebuer 1956 a Schottland, ass en australeschen Astronom. Hie schafft an der Research School of Astronomy and Astrophysics vun der Australian National University an huet och mam David Asher vum Armagh Observatoire zesummen astronomesch Aarbechte gemaach.
Robert McNaught | |
---|---|
Gebuer | 1956 Schottland |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Astronom |
De McNaught ass en engagéierten Observateur an huet bis elo wäit méi wéi 350 Asteroiden entdeckt. Ausserdeem ass hie Matentdecker vum periodesche Koméit 130P/McNaught-Hughes. Am Kontext vum Siding Spring Survey ass de McNaught mat der Observatioun vun äerdnoen Asteroiden a Koméite befaasst. Am Siding Spring Observatoire huet hien am August 2006 de Koméit C/2006 P1 McNaught entdeckt.
No him ass den Asteroid (3173) McNaught genannt.
Um Spaweck
- (en) https://web.archive.org/web/20130410060729/http://www.mso.anu.edu.au/~rmn/ Websäit vum Siding Spring Surveys
🔥 Top keywords: HaaptsäitJean SimmonsSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenWikipedia:KontaktWikipedia:De StamineeWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Wikipedia:General disclaimerWikipediaStater TramWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaPol LeursLëtzebuerg (Land)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:WëllkommEchium candicansLëtzebuergeschWikipedia:LäschenIsaiah WilsonPortal:TechnikClaire SchmartzAlternativ Demokratesch ReformparteiAli RuckertRobert FicoUniversitéit AirlanggaParkscheifSchabloun:EuropastroossenBenotzer Diskussioun:RomaineMarie-Antoinette vun ÉisträichKanton DikrechWikipedia:KategorienLëscht vun de Kierfechter zu LëtzebuergAlexandra SchoosEd Lauter