Mangareva

Insel am ëstleche Südpazifik
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mangareva (fréier Nimm: Peard oder Peard's Island (Beechey), Angauru, Raroata)[1] ass déi gréisst Insel a Verwaltungszentrum vun de Gambierinselen am ëstleche Südpazifik. Politesch gehéiert se zu Franséisch-Polynesien. D'Haaptuertschaft vu Mangareva heescht Rikitea.

Mangareva
Geographie
LandFrankräich
Läit an/amPazifeschen Ozean
Gehéiert zuGambierinselen
Koordinaten23°6'S, 134°57'W
Fläch15,4 km²
Längt8 km
Breet1,3 km
Héchste PunktMont Duff ()
Verwaltung
VerwaltungseenheetGambier
HaaptuertRikitea
Demographie
Awunner1.239
Awunnerdatum2012
Aner Informatiounen
Entdeckt1797
ZäitzonUTC−9

De polyneesesche Begrëff „Mangareva“ heescht iwwersat ongeféier: de Bierg deen um Waasser dreift.

Geographie

Mangareva läit 1.590 km süd-ëstlech vun Tahiti a gehéiert geographesch zum Tuamotu-Archipel. Déi 8 km laang an op der schmuelster Plaz 1,3 km breet Insel läit – zesumme mat den anere Gambierinselen – an enger grousser Lagun. D'Insel huet eng relativ kleng Küstefläch, wou verschidde Siidlunge sinn. Bannenzeg ass d'Insel gréisstendeels onbewunnt.

Déi héchst Plazen op der Insel sinn de Mont Duff (441 m) an de Mont Mokoto (423 m).

Billergalerie

Um Spaweck

Commons: Mangareva – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten