Marcel Gottlieb

franséischen Auteur an Zeechner vu Bande-dessinéeën

De Marcel Gottlieb, bekannt als Gotlib, gebuer de 14. Juli 1934 zu Paräis, a gestuerwen de 4. Dezember 2016 am Departement Yvelines[1], war e franséischen Auteur an Zeechner vu Bande-dessinéeën.

Marcel Gottlieb
GebuertsnummMarcel Gotlieb
PseudonymGotlib
Gebuer14. Juli 1934
14. Arrondissement
Gestuerwen4. Dezember 2016
Le Vésinet
NationalitéitFrankräich
AktivitéitComicauteur, Dréibuchauteur, Karikaturist, Zeechner
Seng Ënnerschrëft

Hie gouf bekannt duerch seng Serie Gai-Luron an den Zäitschrëfte Vaillant a Pif Gadget, iwwer en driipsegen Hond, dee vum Tex Avery sengem Droopy inspiréiert war. Dono huet hien an der Zäitschrëft Pilote mam René Goscinny Les Dingodossiers publizéiert, déi en, nodeems de Goscinny him wéinst ze vill Aarbecht och d'Schreiwen iwwerlooss huet, als La Rubrique-à-brac weidergefourt huet;

An de stiermesche Mee-68er-Zäiten huet hie mat aneren Auteuren de Pilote verlooss a mat hinnen zesummen L'Écho des savanes gegrënnt. Enn vun den 1970er Joren huet hie seng eegen Zäitschrëft, Fluide glacial, kreéiert. Bekannt Personnagen dodra waren de Scout Hamster Jovial, de Superdupont (d'Virbild vum Superjhemp) oder de Pervers Pépère.

Hien huet och Filmdréibicher geschriwwen, an eng sëllegen Artikelen am Fluide glacial, nodeems en do vun der Mëtt vun den 1980er Joren u kaum nach gezeechent huet.

1993 huet hie seng Autobiographie erausbruecht, J'existe, je me suis rencontré, an där en ë. a. och seng Kandheet beschreift, déi en am Krich, als Kand vun ungaresche Judden, verstoppt bei enger Bauerefamill verbruecht huet.

Albumen

  • Les Dingodossiers (Zeechnungen), mam René Goscinny (Szenario), 3 Bänn, 1967-1992; rééd.: 1 vol.: 2011 Éd.: Dargaud, ISBN 2205055542.
  • Rubrique-à-brac, Dargaud, 5 Bänn, 1970-1974.
  • Cinémastock (Szenario), mam Alexis (Zeechnugen), Dargaud, 2 volumes, 1974-1975.
  • Clopinettes (Szenario), mam Mandryka (Zeechnungen), Dargaud, 1974.
  • Hamster Jovial et ses louveteaux, Éditions du fromage, 1974.
  • Gai-Luron, Audie, coll. « Fluide glacial », 10 volumes, 1975-1982.
  • Trucs-en-vrac, Dargaud, 2 volumes, 1977-1985.
  • Dans la joie jusqu'au cou (Szenario), mam Alexis (dessin), Audie, coll. « Fluide glacial », 1978.
  • Rhâ-Gnagna, Audie, coll. « Fluide glacial », 2 volumes, 1979-1980.
  • Superdupont (Szeanrio) mam Jacques Lob dono mam Lefred-Thouron), mam Alexis, Solé et al. (Zeencnungen), Audie, coll. « Fluide glacial », 6 volumes, 1979-2008.
  • Rhââ Lovely, Audie, coll. « Fluide glacial », 3 volumes, 1980-1988.
  • Gotlib, Rombaldi, 9 volumes, 1980-1989.
  • « Les Bas-Fonds du Monde Animal » (Zeechnungen), mam Jacques Lob (Szenario), in: Lob de la Jungle, Les Humanoïdes Associés, 1980.
  • Pervers Pépère, Audie, coll. « Fluide glacial », 1981.
  • La bataille navale… ou Gai-Luron en slip, Audie, coll. « Fluide glacial », 1986.
  • Slowburn (scénario), mam André Franquin (dessin), Comixland, 1989.
  • Pop et Rock et Colégram (Zeechnungen), mam Solé (Zeecnungnen) an Alain Dister (Text), Audie, coll. « Fluide glacial », 1993.
  • E puer Säite vun Allez coucher sales bêtes (Szenario), mam René Hausman (Zeechnungen), Dupuis, 2002.
  • Inédits, Dargaud, 2004.
  • Nanar, Jujube et Piette, Glénat, 2006. Édition intégrale.
  • Gai-Luron ou la joie de vivre. Les Inédits, La Vache qui médite, 2012.

Um Spaweck

Commons: Marcel Gottlieb – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen