Marx Brothers

D'Marx Brothers waren eng US-amerikanesch Komikertrupp, déi duerch Filmer a Fernsee- an Theateroptrëtter mat musikaleschen Einlage bekannt goufen an e groussen Afloss op Komiker haten, déi no hinne komm sinn.

D'Marx Brothers, vun uewen no ënnen: Chico, Harpo, Groucho, Zeppo, 1931.

Si huet sech zesummegesat aus de Bridder:

  • Chico (Leonard Marx, 22. Mäerz 1887 - 11. Oktober 1961)
  • Harpo (Adolph Arthur Marx, 23. November 1888 - 28. September 1964)
  • Groucho (Julius Henry Marx, 2. Oktober 1890 - 19. August 1977)
  • Gummo (Milton Marx, 23. Oktober 1892 - 21. Abrëll 1977)
  • Zeppo (Herbert Marx, 25. Februar 1901 - 29. November 1979)

woubäi virun allem déi dräi éischt genannt bekannt goufen.

Filmer

  • 1929 - The Cocoanuts, Regie: Robert Florey, Musek: Irving Berlin
  • 1930 - Animal Crackers, Regie: Victor Heerman, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
  • 1931 - Monkey Business, Regie: Norman Z. McLeod
  • 1932 - Horse Feathers, Regie: Norman Z. McLeod, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
  • 1933 - Duck Soup, Regie: Leo McCarey, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
  • 1935 - A Night at the Opera, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann
  • 1937 - A Day at the Races, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann
  • 1938 - Room Service, Regie: William A. Seiter
  • 1939 - At the Circus, Regie: Edward Buzzell
  • 1940 - Go West, Regie: Edward Buzzell
  • 1941 - The Big Store, Regie: Charles Reisner
  • 1946 - A Night in Casablanca, Regie: Archie Mayo
  • 1949 - Love Happy, Regie: David Miller

Aneres:

  • Humor Risk, 1921 - ni verëffentlechten a mëttlerweil verschollene Kuerzstommfilm aus Eegeproduktioun
  • The Story of Mankind, 1957 - Chico, Harpo a Groucho hu kleng Niewerollen an trieden net zesummen op

Um Spaweck

Commons: Marx Brothers – Biller, Videoen oder Audiodateien