Mary McAleese

D'Mary Patricia McAleese (iresch: Máire Pádraigín Mhic Ghiolla Íosa [moɪrʲə ˈpɑːdrigʲiːɲ vʲikʲ ˈjilə ˈiːəsə]), gebuer de 27. Juni 1951 zu Belfast, ass eng iresch Journalistin a Politikerin. Si war vun 1997 bis 2011 déi aacht Presidentin vun Irland.

Mary McAleese
Gebuer27. Juni 1951
Belfast
NationalitéitIrland
AktivitéitPolitiker, Journalist, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser
ParteiFianna Fáil

Si huet no hirem Droitsstudium um Trinity College Droit pénal a Kriminologie enseignéiert a war Journalistin a Présentatrice op der irescher Televisioun Raidió Teilifís Éireann (RTÉ). 1997 huet si, als Spëtzekandidatin vun der Fianna Fáil, d'Walen zum Staatspresident gewonnen a gouf den 11. November 1997 d'Nofollgerin vun der Mary Robinson als Staatscheffin. 2004 gouf si erëmgewielt an den 11. November 2004 fir d'zweet vereedegt. 2011 gouf de Michael D. Higgins hiren Nofollger (d'Verfassung gesäit maximal zwou Amtsperiode vir).

Um Spaweck

Commons: Mary McAleese – Biller, Videoen oder Audiodateien