Messier 92

Stärekoup

De Messier 92 (och als NGC 6341 bezeechent) ass en 6,3 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächegréisst vu 14,0' am Stärebild Hercules. D'Distanz zum Messier 92 ass ongeféier 26.000 Liichtjoer, seng Mass gëtt op ronn 330.000 Sonnemasse geschat. Déi kleng Metallheefegkeet vun nëmme 0,6 % vun der solarer Elementheefegkeet léisst op en héicht Alter vun dësem Kugelstärekoup schléissen. Tatsächlech ergi Miessunge mat Hëllef vum Faarwen-Hellegkeets-Diagramm en Alter vun ongeféier 13 Milliarde Joer. Hie gehéiert domat zu den eelste bekannte Kugelstärekéip.

Messier 92
Foto opgeholl mat engem 60cm-Teleskop
StärebildHercules (Her)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun17h 17m 7.27s
Deklinatioun+ 43° 8' 11.5"[1]
Ausgesinn
KonzentratiounsklassIV
Visuell Magnitude6,3[1]m
Wénkelduerchmiesser14,0′
Physikalesch Donnéeën
Distanz  27000 Lj
PC = 8000(Lj)
Routverrécklung −0,000402 ± 0,000006
Radialvitess (−120,5 ± 1,7)
Geschicht
Entdecker J. E. Bode
Entdeckungsdatum 1777
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M 92
NGC 6341
C  1715+432
GCl 59

Duerch seng grouss Hellegkeet an der wäit nërdlecher Lag um Himmel ass den M92 a Mëtteleuropa scho mat der Spektiv ze gesinn. A klengen Teleskope (Véier- bis Aachtzöller) léisst sech de Stärekoup an Eenzelstären opléisen.

Et fënnt een den M92 genee 6,3° nërdlech vum Stär π Herculis. Hien ass bal sou hell wéi de bekannten Herkuleskoup M13, erschéngt awer däitlech méi kompakt[2]. 1777 gouf den M92 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt an 1781 (onofhängeg vum Bode) vum Charles Messier.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Messier 92 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen