Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)

Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mir d'Vollek ass eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si gouf am Oktober 2021 vum Jean-Marie Jacoby, Peter Freitag an dem Toni Fernandes gegrënnt,[1] am Kontext vun de Protester vun den Impfgéigner géint d'Politik zur COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg. D'Partei versteet sech als Oppositiounspartei[2] an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.[3]

Mir d'Vollek
OfkierzungMV
Gegrënnt2021
ParteizentralStad Lëtzebuerg
IdeologienTransparenz, Direktdemokratie
SloganFir d'Vollek, aus dem Vollek, duerch d'Vollek
Websäit
www.vollek.lu www.vollek.net

Op der offizieller Websäit gi follgend Associatiounen opgelëscht:

  • Lëtzebuerger Bierger Kollektiv
  • Vigilance Citoyenne
  • FAIR Beweegung
  • AEGIS - gesond ouni Impfung
  • Express-Verbis
  • Kla.tv
  • European Forum for Vaccine Vigilance
  • Mim‘s Freiheit - Alternativ Media

Walresultater

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hat Mir d'Vollek mat enger (partieller) Lëscht an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert. D'Partei krut 0,97 % vun de Stëmmen, deemno huet kee Kandidat et an de Stater Gemengerot gepackt[4].

2024 huet Mir d'Vollek bei den Europawalen eng éischt Kéier kandidéiert. Déi 11.838 Stëmmen, déi se kruten (0,85 %), sinn net duergaange fir ee vun de 6 Sëtzer.[5]

Um Spaweck

Referenzen