Mir wëllen iech ons Heemecht weisen

Mir wëllen iech ons Heemecht weisen ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen am Oktober 2015 gegrënnt gouf a säi Sëtz zu Miersch huet. De Motto vum Veräin ass "Éiert mir eis géigesäiteg respektéiere kënnen, musse mir eis kenneléieren".[1]

D'A.s.b.l. wëll den interkulturellen Dialog ureegen, andeems d'Lëtzebuerger den Auslänner, déi hei liewen, hir Kultur weisen an ëmgekéiert. Si organiséiert kulturell Manifestatiounen an Ateliere fir déi lokal Bevëlkerung a fir Flüchtlingen, uechter d'Land an och a Flüchtlingszentren.

Grënnungsmembere sinn de Serge Tonnar, d'Rita Neu, d'Sabine Tonnar an de Misch Donven.

Den Numm ass en Zitat aus dem Lidd De Feierwon vum Michel Lentz.

Aktivitéiten

  • Kënschtleresch Projete fir Kanner an Elteren
  • Concerte vu bekannte lëtzebuergesche Museker
  • Dammentour (Danzowenter fir Fraen)
  • Interkulturell Noperschaftsfester
  • Kënschtleresch Atelieren
  • Kulturausflich
  • Interkulturell Kachatelieren
  • Participatioun bei kulturelle Projeten

Um Spaweck

Referenzen an Notten