2015

Joer

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2015.

Flüchtlingen um Wee a Westeuropa, ënnerwee a Slowenien (Okt. 2015).

D'Joer 2015 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.

Evenementer

Solidaritéitsmanifestatioun, de 7.1., fir d'Affer vun den Attentater zu Paräis.

Europa

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

USA

Mëttel- a Südamerika

Asien

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt an Noen Osten

  • 23. Januar: Nom Doud vu sengem Hallefbrudder Abdullah gëtt de Salman ibn Abd al-Aziz Kinnek vu Saudiarabien.
  • 06. Februar: Dem neien tuneesesche Premierminister Habib Essid seng Regierung gëtt vereedegt.
  • 21. Mäerz: Dem Ministerpresident Benjamin Netanjahu seng Likud-Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Israel. De 6. Mee kënnt et zu enger Koalitiounsregierung vu Likud an e puer méi klenge rietskonservativ-reliéise Parteien.
  • 20. Mäerz No enger Attack op zwou schiittesch Moscheeën am Jemen, bei där et ronn 150 Doudeger gouf, kënnt et zu enger Revolt vun de schiitteschen Huthi-Rebellen, de President Abed Rabbo Mansur Hadi flücht de 25. Mäerz aus dem Land.
  • An der Nuecht op den 19. Abrëll geet e Schëff am Mëttelmier ënner, dat mat Flüchtlingen u Bord vu Libyen ënnerwee an Italie war; ëm déi 800 Leit stierwen, just 28 konnte gerett ginn.
  • 24. September: Iwwer dausend Doudeger bei der Haddsch zu Mina, bei Mekka, wou et zu engem Mënschegewulls kënnt.
  • 18. Oktober: Parlamentswalen an Egypten.
  • 31. Oktober: De Fluch 9268 vun der russescher Metrojet fällt an Egypten wéinst der Explosioun vun enger Bomm u Bord erof; 224 Doudeger.

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Kino

Lëtzebuerg

Ekonomie

De Pluto, den 13. Juli vun der Sond New Horizons geknipst.
  • 18. September: Déi amerikanesch Ëmweltagence beschëlegt Volkswagen wéinst enger 'Fuddelsoftware', déi Tester erkennt an dann d'NOx-Ofgase vu sengen Diesel-Motore kënschtlech niddreg léisst; Ufank vun der Dieselgate-Affär, déi sech jorelaang hinzitt an zu enger 25 Milliarden Euro u Strofen a Kompensatioune féiert.
  • 12. Dezember: 195 Länner eenege sech op der UN-Klimakonferenz 2015 (COP 21) iwwer en Ofkommes iwwer Klimapolitik.

Wëssenschaft an Technik

  • 11. Februar: Den IXV, déi éischt Mini-Raumnavette vun der ESA, gëtt mat der Drorakéit Vega op Orbit geschoss a lant duerno am Pazifeschen Ozean.
  • 14. Juli: Néng an en halleft Joer, nodeems se d'Äerd verlooss hat, flitt déi amerikanesch Raumsond New Horizons laanscht den Zwergplanéit Pluto a säi Mound Charon a schéckt Biller op d'Äerd.

Sport

Lëtzebuerg

  • 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Žilina (Slowakei) am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Slowakei.[3]
  • 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[4]
  • 09. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 0:0 géint Moldawien.[5]
  • 14. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lwiw am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[6]
  • 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint Mazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[7]
  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Baryssau am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:2 géint Wäissrussland.[8]
  • 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[9]
  • 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[10]
  • 13. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[11]
  • 17. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint Portugal.[12]

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen