Mollbaach

Baach zu Lëtzebuerg

D'Mollbaach ass eng kleng Baach an der Gemeng Biekerech an eng vun den zwou Quellbaache vun der Näerdener Baach.

Mollbaach
D'Mollbaach op der Bréck zu Hitten
Längt2,7 km
Originn
OriginnQuell
PlazUm Kallek
Biekerech
Héicht302 m
Koordinaten49° 43’ 57.7’’ N
      05° 52’ 13.9’’ O
Konfluenz
Leeft anNäerdener Baach
PlazHitten
Héicht275 m
Koordinaten49° 44’ 11.0’’ N
      05° 54’ 27.3’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
RegiounGuttland
UertschaftenHitten
Biekerech

Si huet hir Quell westlech vu Biekerech Um Kallek op enger Héicht vun 302 m. Se leeft vun do an ëstlecher Richtung am Norde laanscht Biekerrech, fir d'éischt ënner dem Eller Wee, dann e puer honnert Meter weider ënner dem Réidener Wee an ënner der Dikrecher Strooss erduerch, fir südlech laanscht Hitten ze lafen a fir dann op enger Héicht vun 275 m mat der Millebaach zesummenzelafen a sou d'Näerdener Baach ze bilden.