Montes Teneriffe

D'Montes Teneriffe sinn eng Bierggrupp op der nërdlecher Hallefkugel vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Si ass no Teneriffa, enger Kanarescher Insel am Atlanteschen Ozean benannt. Si huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 110 Kilometer. Déi héchst Bierger si bis zu 2400 Meter héich.

Montes Teneriffe
Koordinaten47°53'24"N, 13°11'24"W
Genannt noTeneriffa

Am Géigesaz zu hiren ierdesche Kosenge sinn d'Teneriffa-Bierger vum Mound net vun engem Ozean ëmginn, mä vum Mare Imbrium, dem Reemier. Si hiewe sech aus dem nërdlechen Ofschnëtt vu senger Basaltfläch. Westlech vun hinnen hiewe sech doraus d'Montes Recti an am Südosten den eenzele Bierg Mons Pico.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck