Museksinstrument

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Museksinstrument ass e Géigestand fir Musek ze maachen, deen duerch d'Awierke vun deem, deen drop spillt, ganz oder deelweis vibréiert a sou d'Loft ronderëm sech a Schwéngunge versetzt; dës Schwéngunge ginn dann als Geräisch oder Toun erfaasst.

Klassifizéierung vun de Museksinstrumenter

Eng méiglech Andeelung vun de Museksinstrumenter riicht sech no der Aart a Weis, wéi den Toun entsteet. Sou kann een dann ënnerscheeden:

  • Chordophonen (Säiteninstrumenter): Gespaante Säite ginn zum schwénge bruecht, z. B. Gei, Gittar.
  • Aerophonen: E Loftstroum léisst d'Instrument erkléngen, z. B. all Blosinstrumenter, awer och den Akkordeon.
  • Idiophonen: Dës Instrumenter vibréieren an hirer Gesamtheet, meeschtens well s'un- oder géintenee geschloe ginn, z. B. Holzblock, Klackespill, Klibber.
  • Membranophonen: Dës Instrumenter hunn eng Membran (e "Fell"), déi schwéngt, z. B. well drop geschloe gouf, z. B. Tromm.
  • Elektrophonen sinn elektronesch Instrumenter, déi un en Hautparleur ugeschloss sinn, an duerch dee sinn hir Téin ze héieren, z. B. Syntheziser.
  • Aetherophon: En elektronescht Instrument, dat ouni Kontakt gespillt gëtt.

Um Spaweck

Commons: Museksinstrumenter – Biller, Videoen oder Audiodateien