N'dalatando

N'dalatando, heiansdo och Ndalatando geschriwwen, ass d'Haaptstad vun der angolanescher Provënz Cuanza Norte. Si ass och de Sëtz vun der Gemeng Cazengo.

N'dalatando
 
LandAngola
VewaltungseenheetCuanza Norte
Awunner161.584
 2014
Fläch1.793[1]
Héicht670
Koordinaten09° 18’ 00’’ S
      14° 55’ 00’’ O

D'Uertschaft gëtt et zënter den 1840er Joren. 1936 krut si den Numm Vila Salazar, zu Éiere vum portugiseschen Diktator António de Oliveira Salazar. D'Uertschaft ("vila") krut den 28. Mee 1956 de Statut vun enger Stad ("cidade"). Den 11. November 1975 ass Angola onofhängeg vu Portugal ginn an d'Stad ass den 18. Juli 1976 nees an N'dalatando ëmbenannt ginn.[1][2] Den Numm N'dalatando ass d'Agglutinatioun vun zwéin Nimm: "Ndala", e Soba (en angolaneschen Notabelen) an deem säi Jong "Tando".[3]

D'Stad läit ronn 250 km ëstlech vun der Haaptstad Luanda. Am Norde läit de Floss Luinha an am Westen, am Süden an am Osten de Floss Lucala. Den héchste Punkt ass de Morro de Santa Isabel mat enger Héicht vun 1.014,5 Meter.[1] D'Duerchschnëttstemperatur läit bei 20 Grad Celsius an den Nidderschlag bei 800 mm am Joer.[1]

Landwirtschaftlech Produkter, déi ronderëm N'dalatando ugebaut ginn, sinn ënner anerem Kotteng, Kaffi, Banannen, Palmenueleg, Zockerrouer, Kakao, Maniok, Sisal, Sonneblummen, Mais an Uebst a Geméis.[1][2]

Biller

Um Spaweck

Commons: N'dalatando – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen