NGC 24

Den NGC 24 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Sculptor. D'Galaxie ass ronn 22 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Heiansdo gëtt den NGC 24 zesumme mam NGC 45 als méigleche Member vun der Sculptor-Grupp genannt. Duerch déi héich Routverrécklung sinn déi béid Galaxien awer éischter am Hannergrond vun deem Galaxiëkoup.

NGC 24
Foto opgeholl vum Spitzer-Weltraumteleskop
StärebildSculptor (Scl)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun00h 09m 56.5s
Deklinatioun- 24° 57' 48"
Ausgesinn
Hubble-SequenzSA(s)c
Visuell Magnitude11,5 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,2 mag
Wénkelduerchmiesser5.9/1.5
Flächenhellegkeet mag/arcmin²13,5
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj)zirka 22 Mio.
~ 6,8 Mio. PC
Routverrécklung0,001848 ± 0,000017
Radialvitess(+554 ± 5)
Geschicht
EntdeckerF. W. Herschel
Entdeckungsdatum27. Oktober 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM0007-251
GC10
h2308
H3.461
HIPASSJ0009-24
IRAS00073-2514
MCG-4-1-18
NGC24
PGC701
UGCA2
ESO472-16
SGC000724-2514.4
2MASXJ00095654-2457472

Den NGC 24 gouf de 27. Oktober 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck