NGC 6397

Den NGC 6397 ass e Kugelstärekoup am Stärebild Ara. Den NGC 6397 huet en Duerchmiesser vu 25,7 Bouminutten an eng visuell Magnitude vu +5,70 mag.

Kugelstärekoup NGC 6397
Foto mat dem Wide Field Imager (WFI) vun der ESO 2,2 m Teleskop um La-Silla-Observatoire
StärebildAra (Ara)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun17h 40m 41.4s
Deklinatioun- 53° 40' 25.3"
Ausgesinn
Visuell Magnitude5,7 mag. mag
Wénkelduerchmiesser25,7'
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zuMëllechstrooss
Routverrécklung(+6,30 ± 0,03)  10-5
Radialvitess(+18,9 ± 0,1)
Geschicht
EntdeckerNicolas-Louis de Lacaille
Entdeckungsdatum1751
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
1736-536
NGC6397
ESO181-SC4
GCl74

Den NGC 6397 ass den zweetnooste Kugelstärekoup no dem M 4. Am Géigesaz zum M4 gëtt de Kugelstärekoup awer net vun enger interstellarer Wollek verdonkelt, soudatt d'Eenzelstären am NGC 6397 méi liicht z'observéiere sinn. Hie gëtt dofir ganz dacks zesumme mat dem M4 fir wëssenschaftlech Ënnersich benotzt. Bei engem vun dësen Ënnersich gouf zoufälleg tëscht de Stäre vum NGC 6397 eng elliptesch Galaxie fonnt, déi ongeféier 1 Milliard Liichtjoer wäit ewech ass. Déi Galaxie ass hirersäits nees vun engem Schwaarm vu ronn 200 Kugelstärekéip ëmginn. Dobäi handelt et sech ëm déi bis elo wäitst Usammlung vu Kugelstärekéip.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Detail-Foto vum NGC 6397