Octans

Den Octans ass dat südlechst Stärebild um Nuetshimmel.

Date vum Stärebild Octans
Lëtzebuergeschen NummOktant
Laténgeschen NummOctans
Laténgesche GeenitivOctantis
Laténgesch Ofkierzung Oct
Positiounsüdlechen Himmel
Rektaszensioun0h bis 24h
Deklinatioun-90° bis -74° 18'
Fläch291 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden5° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
ν Octantis,
3,76m
Meteorstréim-
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Indus
Pavo
Apus
Chamaeleon
Mensa
Piscis Austrinus
Tucana
Kaart vum Stärebild Octans

Beschreiwung

Den Octans ass keen imposant Stärebild. et läit an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Am Géigesaz zum nërdleche Géigestéck, dem Klenge Bir mat dem helle Polarstär, ass an der Géigend vum Himmelssüdpol keen opfällege Stär. Deen noosten, mat bloussem A z'erkennen, ass de σ Octantis (och Polaris Australis genannt) e Stär vun der 5. Gréissteklass.

Geschicht

D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille agefouert. Et soll een Oktant duerstellen, een Instrument, dat vun de Séifuerer fréier fir d'Positiounsbestëmmung gebraucht gouf.

Himmelsobjeten

Stären

BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
ν3,76m69K0 III
β4,13m140A9 IV/V
δ4,31m279K2 III
θ4,78m221K2 III
ε5,09m268M6 III
γ15,10m267G7 III
α5,13m148F4 III
λ5,27m436G8/K0 III
γ25,29m243K1/K2 III
ξ5,32m444B6 IV
ζ5,43m157F0 III
ι5,45m371K0 III
σPolaris Australis5,45m270F0 III
φ5,47m197A0 V
ψ5,49m125F3 III
τ5,50m523K2 III

Den ν Octantis, den hellste Stär am Octans, ass 690 Liichtjoer vun eis ewech. Hie liicht orange an et ass e Stär mat der Spektralklass K0 III.

Den β Octantis ass 140 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et handelt sech ëm ee wäisse Stär mat der Spektralklass A9 IV.

Den σ Octantis ass 270 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet eng Visuell Magnitude vu 5,45m.
De laténgeschen Numm „Polaris Australis“ bedeit „südleche Polarstär“.

NGC-Objeten

NGCdiversGréisstTypNumm
2573Galaxie
IC 4333Galaxie
IC 4864Galaxie
IC 4912Galaxie
6438Galaxie
7098Galaxie
Mel 227Oppene Stärekoup

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Octans – Biller, Videoen oder Audiodateien