Parti socialiste (Frankräich)
Logo | Parteizentral |
---|---|
Sëtz 10, rue de Solférino | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1905: SFIO 1969: PS |
Memberen: | 120.000 (2016, offiziell) 42.300 (2016, inoffiziell)[1] |
Europäesch Affiliatioun: | Europäesch Sozialistesch Partei |
Websäit: | www.parti-socialiste.fr |
De Parti socialiste (kuerz PS) ass eng franséisch politesch Partei. Si huet eng demokratesch-sozialistesch respektiv eng sozialdemokratesch Ausriichtung. Si huet hiren Ursprong an der Ideologie vum Sozialismus an ass d'Nofollgerin vun der Franséischer Sektioun vun der Aarbechter-International, déi 1905 ënner dem Impuls vum Jean Jaurès gegrënnt gouf. Si huet hiren aktuellen Numm zënter 1969.
D'Partei war nieft De Republikaner an där hire Virgängerparteien bis zu de Presidentschaftswalen 2017 eng vun den zwou Volleksparteien am Land. Bei deene Walen krut de sozialistesche Kandidat Benoît Hamon nëmme 6,36% vun de Stëmmen a stoung domat op Plaz 5 vun alle Kandidaten. Bei de Parlamentswalen am selwechte Joer krut si 7,44% vun de Stëmmen.[2]
PS-Presidente vu Frankräich
- 1981–1995: François Mitterrand
- 2012-2017: François Hollande