Passeurs-Monument Esch-Uelzecht

Krichsmonument, an Erënnerung un d'Passeuren oder Fillièriste am Zweete Weltkrich

D'Monument fir d'Passeuren an d'Filiéristen zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat un déi Leit erënnere soll, déi an der Zäit vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg als Passeur oder Fillièriste anere Leit, déi vum Nazi-Regime verfollegt goufen, gehollef hunn, iwwer d'Grenz a Sécherheet ze kommen. D'Initiativ goung vun der UPAFIL aus.

Passeurs-Monument Esch-Uelzecht
TypKrichsmonument
LandLëtzebuerg
GemengEsch-Uelzecht
PlazEsch-Uelzecht
Ageweit24. Mee 1981
MaterialMinette (Geologie)

Et besteet aus engem Minettsteen, op deem eng Plack ubruecht ass.

Dorop steet:

1940-1945
A la mémoire des
passeurs
filiéristes
résistants

D'Monument steet am Lavals-Park. Et gouf de 24. Mee 1981 ageweit.[1]

Kuckt och

Referenzen