Paul Mayrisch


De Jean Mathieu Edouard Paul Mayrisch, gebuer den 12. Abrëll 1861 zu Eech[1] an do gestuerwen den 23. Juni 1915, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.[2]

Paul Mayrisch
GebuertsnummJean Mathieu Edouard Paul Mayrisch
Gebuer12. Abrëll 1861
Eech
Gestuerwen23. Juni 1915
Eech
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitIndustriellen, Politiker
Famill
PappÉdouard Mayrisch
GeschwësterÉmile Mayrisch

1908 gouf de Paul Mayrisch als Vertrieder vum Kanton Lëtzebuerg als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Am Juni 1914 gouf hien als Deputéierten erëmgewielt a war bis zu sengem Doud Deputéierten.[3]

De 15. Abrëll 1911 gouf de Paul Mayrisch de Successeur vum Pierre-Éloi Schoué als Buergermeeschter vun der Gemeng Eech [4] an hie war dat bis zu sengem Doud.

Säi Papp war den Édouard Mayrisch an den Émile Mayrisch war säi Brudder [1]

Referenzen