Phoenix (Stärebild)

Stärebild

De Phoenix ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Phoenix
Lëtzebuergeschen NummPhoenix
Laténgeschen NummPhoenix
Laténgesche GeenitivPhoenicis
Laténgesch OfkierzungPhe
Positiounsüdlechen Himmel
Rektaszensioun23h 46m bis 2h 25m
Deklinatioun-57° 50' bis -39° 18'
Fläch469 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden32° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Phoenici (Ankaa)
2,39m
MeteorstréimJuli-Phöniciden
Dezember-Phön.
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Sculptor
Grus
Tucana
Hydrus
Eridanus
Fornax
Kaart vum Stärebild Phoenix

Beschreiwung

De Phoenix ass ee Stärebild nërdlech vum helle Stär Achernar am Eridanus. Nëmmen den Haaptstär α  Phoenicis (Ankaa) ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

Wéinst senger südlecher Positioun ass de Phoenix bei eis net ze gesinn.

Geschicht

De Phoenix gehéiert zu deene Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

De Phönix gehéiert am Géigesaz zum Ara net zu den 48 antike Stärebiller.

Himmelsobjeten

Stären

BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
αAnkaa, Nair al Zaurak, Cymbae2,39m77K0 III
β3,32m198G8 III
γ3,41m234M0 IIIa
ε3,88m140K0 III
κ3,93m77A7 V
δ3,93m147K0 III
ζ Phoenicis3,94280B6 V + B9 V
η4,36240A0 IV
ψ4,39321M4 III
μ4,59247G8 III
ι4,69274A2 Vp SrCrEu
HR 89594,74201A2 V
λ14,77717A0 V
HR 5744,82267G8 III
ν4,9749F8 V
φ5,12309A3 V
π5,13257K0 III
χ5,15372K5 III
σ5,18592B3 V
υ5,21198A3 IV
ρ5,24250F2 III
HR 2995,39235G8 III
HR 4085,42247K0 III
HR 1095,42415M0 III
HR 5195,49680M3 III

Den α Phoenicis läit op enger Distanz vu 77 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III. Hien huet déi 2,5-fach Mass an deen 10-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.Den Numm „Ankaa“ bedeit e Vull aus der arabescher Mythologie.

Méifachstären

SystemGréisstenOfstand
β4,0 / 4,2m1,6"
ζ3,6 bis 4,1 / 7,2 / 8,2m0,8/6,4"

Duebelstäresystem β Phoenicis ass 198 Liichtjoer vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklasse B6 an F7.

Den ζ Phoenicis ass e Méifachstäresystem a besteet aus véier Stären, op enger Distanz vun 280 Liichtjoer.

Verännerlech Stären

StärenGréisstPeriodTyp
ζ3,9m bis 4,3m1,669 DeegBedeckungsverännerlechen

Den ζ Phoenicis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Ee liichtschwache Begleeder ëmkreest den Haaptstär an engem kuerzen Ofstand. All 1,669 Deeg passéiert de schwaache Stär virum Haaptstär a verdonkelt en.

NGC-Objeten

NGCdiversGréisstTypNumm
625Galaxie
768911,5 mBalkespiralgalaxie

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Phoenix (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien