Produktplacéierung
D'Produktplacéierung oder Markeplacéierung ass eng Reklammstechnik bei där een e Produkt oder eng Mark a verschiddene Medie baussent den normalen an als sollech gekennzeechente Reklammszäiten a Formater ervirhieft.
Sou kann z. B. an Televisiounssendungen oder Filmer den Numm vum Produkt oder der Mark genannt, d'Produkt selwer als Requisit gebraucht, oder de Markelogo gewise ginn.
D'Annonceure probéiere sou, als Zousaz zu den traditionelle Reklammsmëttelen, fir hiert Produkt oder d'Mark an d'Bewosstsinn an an d'Gespréich ze bréngen, a schlussendlech dem Spectateur seng Kafgewunnechten ze beaflossen.
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake