Provënz Nordholland

holännesch Provënz
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Provënz Nordholland (nl: Noord-Holland) ass eng vun den zwielef hollännesch Provënzen.

Provënz Nordholland
Basisdaten
LandHolland
HaaptstadHaarlem
Fläch


Total: 4.092 km²
Land: 2.663 km²
Waasser: 1.429 km²

Awunner2.953.000 (2023)
Bevëlkerungsdicht1109/km² Land
ReliounenKathoulesch: 16 %
Protestantesch: 14 %
Islamesch: 7 %
ISO 3166-2NL - NH
WebsäitProvënz Nordholland
Lag
Satelittebild

D'Haaptstad ass Haarlem.

Geographie

Nordholland ëmfaasst eng Hallefinsel tëscht der Nordséi an dem IJsselmier. Méi wéi d'Hallschent besteet aus dréchegeluechte Gebidder de Polderen.

D'Insel Texel gehéiert och zu Nordholland.

Geschicht

D'Provënz Nordholland ass 1840 entstanen duerch d'Deelung vun der aler Provënz Holland an Nordholland an a Südholland.

Regiounen

  • West-Friesland, nordëstlech vun Alkmaar. Stied: Hoorn, Enkhuizen, Medemblik a Schagen;
  • Kennemerland, hanner den Dünen, tëscht Haarlem an Alkmaar;
  • Waterland, eng suppeg Géigend nërdlech vun Amsterdam;
  • Het Gooi, eng Géigend mat Bëscher an Heed ronderëm Hilversum.

Gemengen

Zanter dem 24. Mäerz 2022 ass Nordholland an 44 Gemengen agedeelt.

(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).

  • Aalsmeer (33.000)
  • Alkmaar (112.000)
  • Amstelveen (94.000)
  • Amsterdam (918.000)
  • Bergen (30.000)
  • Beverwijk (43.000)
  • Blaricum (12.000)
  • Bloemendaal (24.000)
  • Castricum (36.000)
  • Den Helder (57.000)
  • Diemen (33.000)
  • Dijk en Waard (89.000)
  • Drechterland (20.000)
  • Edam-Volendam (37.000)
  • Enkhuizen (19.000)
  • Gooise Meren (60.000)
  • Haarlem (165.000)
  • Haarlemmermeer (162.000)
  • Heemskerk (39.000)
  • Heemstede (28.000)
  • Heiloo (24.000)
  • Hilversum (93.000)
  • Hollands Kroon (49.000)
  • Hoorn (75.000)
  • Huizen (41.000)
  • Koggenland (24.000)
  • Landsmeer (12.000)
  • Laren (12.000)
  • Medemblik (46.000)
  • Oostzaan (9.700)
  • Opmeer (12.000)
  • Ouder-Amstel (14.000)
  • Purmerend (94.000)
  • Schagen (47.000)
  • Stede Broec (22.000)
  • Texel (14.000)
  • Uitgeest (13.000)
  • Uithoorn (31.000)
  • Velsen (69.000)
  • Waterland (18.000)
  • Wijdemeren (25.000)
  • Wormerland (17.000)
  • Zaanstad (160.000)
  • Zandvoort (18.000)

Kuckt och

  • Randstad

Um Spaweck

Commons: North Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien