Raubdéieren
D'Raubdéieren (Carnivora) sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Mamendéieren an där et 8 Famillje mat am Ganzen 138 Aarte gëtt, dorënner Kazen, Hyänen, Hënn, Otteren a Bieren.
Raubdéieren | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Carnivora Thomas Edward Bowdich, 1821 | |||||||||||||
Iwwerfamilljen | |||||||||||||
Anatomie
Karnivoren hunn all kräfteg Kiferen a schaarf Zänn, vun deene besonnesch d'Eckzänn grouss sinn.
Verbreedung
Raubdéiere gëtt et mat Ausnam vun der Antarktis op all Kontinenter. An Australien, wou et s'ursprénglech net gouf, sinn eng Rëtsch vun hinne vum Mënsch ausgesat ginn oder aus der Gefaangenschaft fortgelaf.
Ernierung
D'Raubdéieren ernieren sech gréisstendeels vu Fleesch, Innereien a Blutt vun de Wierbeldéieren. Verschidden Aarten erniere sech dobäi awer och vu Planzen oder Friichten a verschiddener wéi z. B. de Grousse Panda souguer nëmme vu Planzen.
Systematik
- Iwwerfamill Kazendéieren (Feloidea)
- Famill Kazen (Felidae)
- Famill Mangusten (Herpestidae)
- Famill Hyänen (Hyanidae)
- Famill Schleichkazen (Viverridae)
- Iwwerfamill Hondsdéieren (Canoidea)
- Famill Hënn (Canidae)
- Famill Marder (Mustelidae)
- Famill Klengbieren (Procyonidae)
- Famill Groussbieren (Ursidae)
- Famill Walrossen (Odobenidae)
- Famill Ouererobben (Otariidae)
- Famill Hondsrobben (Phocidae)
Um Spaweck
Commons: Raubdéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake