Royal Society

D'Royal Society mam ganzen Numm Royal Society of London for the Improvement of Natural Knowledge ass eng brittesch Geléiertegesellschaft fir d'Ënnerstëtzung vun de Wëssenschaften. Et ass déi national Akademie vun de Wëssenschafte vu Groussbritannien.

Gebai vun der Royal Society zu London
Gebai vun der Royal Society zu Edinburgh

D'Royal Society gëtt reegelméisseg verschidden Auszeechnunge fir wëssenschaftlech Aarbechten eraus, ënner anerem d'Hughes-Medail, d'Copley Medail, d'Royal Medail an d'Sylvester Medail.

Auszeechnungen

D'Royal Society vergëtt zéng verschidde Medailen, sechs prizes an néng prize lectureships a jee no Auszeechnung, Medailen am Rhythmus vun engem, zwee oder dräi Joer.

D'Laureate vun de Medailen a prize lectureships gi vum Physical Sciences Awards Committee a vum Biological Sciences Awards Committee bestëmmt. Déi Kommiteeë bestinn aus Memberen („Fellows“) vun der Royal Society.

Englesch BezeechnungLëtzebuergesch BezeechnungAgeriichtTurnus (aktuell)Beräich
Buchanan MedalBuchanan Medail1897all zwee Joer (gerued Joren)Medezin
Copley MedalCopley Medail1731all Joerall Wëssenschaften
Darwin MedalDarwin Medail1890all zwee Joer (gerued Joren)Biologie
Davy MedalDavy Medail1877all JoerChimie
Gabor MedalGabor Medail1989all zwee Joer (ongerued Joren)Geneetik a Molekularbiologie
Hughes MedalHughes Medail1902all JoerPhysik
King Charles II Medal1997onreegelméissegfir Staatsmänner, déi d'Fuerschung ënnerstëtzen
Leverhulme MedalLeverhulme Medail1960all dräi JoerChimie an Chemiesingenieurswiesen
Royal MedalRoyal Medail1826all Joer, dräi Medailenzweemol Naturwëssenschaften, eemol ugewannte Wëssenschaften
Rumford MedalRumford Präis1800all zwee Joer (gerued Joren)Thermesch an optesch Materialeegeschaften
Sylvester MedalSylvester Medail1901all dräi JoerMathematik

Presidente vun der Royal Society

Eng Lëscht mat de wichtegste Presidente vun der Royal Society:

  • William Brouncker (1662–1677)
  • Sir Christopher Wren (1680–1682)
  • Samuel Pepys (1684–1686)
  • Sir Isaac Newton (1703–1727)
  • Sir Joseph Banks (1778–1820)
  • William Hyde Wollaston (1820–1820)
  • Sir Humphry Davy (1820–1827)
  • Lord Rosse (1848–1854)
  • Sir Joseph Dalton Hooker (1873–1878)
  • Thomas Henry Huxley (1883–1885)
  • George Gabriel Stokes (1885–1890)
  • William Thomson (1890–1895)
  • Lord Rutherford of Nelson (1925–1930)
  • Patrick Maynard Stuart Blackett (1965–1970)
  • Lord May of Oxford (2000–2005)
  • Lord Rees of Ludlow (2005-)

Um Spaweck

Commons: Royal Society – Biller, Videoen oder Audiodateien