Rue de la Boucherie

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Rue de la Boucherie, op lëtzebuergesch Fleeschiergaass, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Krautmaart aus a Richtung Oste bis bei de Rouscht.

Rue de la Boucherie
Lëtzeb. NummFleeschiergaass
Ënnerhal vu(n)Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
LandLëtzebuerg
GemengLëtzebuerg
Quartier(en)Uewerstad
PostcodeL-1247
Koordinaten49°36'41,29"N, 6°7'58,55"O
Morphologie
Längt78 m
Héicht i. M.304 m
Geschicht

Geschicht

D'Strooss huet hiren Numm vun der Metzleschhal déi vum spéide Mëttelalter bis an d'Renaissance eran um Eck mam Krautmaart stoung, do wou haut d'Europahaus (Gilly-Haus) ass. D'Strooss krut hiren offiziellen Numm de 16. Mee 1925. Wärend der Nazizäit huet se Fleischerstrasse geheescht[1].

Biller

Um Spaweck

D'Rue de la Boucherie an Ons Stad N° 4

Commons: Rue de la Boucherie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten