Safran (Entreprise)

Safran ass eng franséisch Entreprise, déi international am Secteur vun der Loftfaart, der Raumfaart an der Verdeedegung aktiv ass. Si ass op d'Entwécklung an d'Produktioun vu Fliger-, Helikopter- a Rakéitemotoren an aner Ekipementer spezialiséiert.

Safran
Fabrick vu Safran zu Commercy
TypSA
Grënnungsdatum2005
SëtzParäis
Frankräich
BrancheEntwécklung a Produktioun vu
Fliger-, Helikopter- a Rakéitemotoren,
Ekipementer fir d'Loftfaart an
d'Verdeedegung
Homepagesafran-group.com

Bei der Produktioun vu Moteure fir kleng Fligeren, Helikopteren a Fligerfuerwierk ass Safran de weltwäite Leader um Marché.[1]

Si ass 2005 aus der Fusioun tëscht de Firmen Snecma a Sagem ervirgaangen.[2]. Zënter September 2011 ass si Deel vum franséische Bourssenindex CAC 40.[3]

Nodeems Safran 2018 de Konkurrent Zodiac Aerospace opkaaft huet hunn am August 2021 ronn 76.000 Mataarbechter do geschafft.[1]

D'franséisch Regierung ass de gréissten Aktionär vu Safran (11%).[4].

Um Spaweck

Commons: Safran (Entreprise) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen