Shelley Winters

amerikanesch Schauspillerin

D'Shelley Winters, gebuer den 18. August 1920 zu East St. Louis als Shirley Schrift a gestuerwen de 14. Januar 2006 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Shelley Winters
Gebuer18. August 1920
Gestuerwen14. Januar 2006
Beverly Hills
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitUSA
EducatiounThe New School
AktivitéitSchauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Autobiograph
ParteiDemocratic Party
Famill
Bestuet matAnthony Franciosa, Vittorio Gassman

Liewen a Wierk

D'Shelley Winters, déi aus enger jiddescher Immigrantefamill kënnt, hat Succès a Kaméidisstécker a Musicalen um Broadway a war enk mam Actors Studio verbonnen. Zanter 1943 huet si a Filmer matgespillt, woubäi se net nëmmen duerch hir klassesch Schéinheet opgefall ass, mä och duerch en deemools nach ongewinnt Selbstbewosstsinn.

Méi spéit am Liewe war d'Winters gefrot fir Charakterrollen. Si huet zweemol den Oscar kritt, fir hir Niewerollen an The Diary of Anne Frank (1959) an A Patch of Blue (1965). Bekannt war se och duerch hir Autobiographien, an deene si fräimiddeg iwwer hiert stiermecht Liewe erzielt huet, dorënner déi Affären, déi se mat bekannte Schauspiller wéi dem William Holden, dem Burt Lancaster oder dem Marlon Brando hat.

D'Shelley Winters war dräimol bestuet, dorënner och mam Schauspiller Vittorio Gassman, mat deem s'e Meedchen hat, a mat dem Anthony Franciosa.

Filmographie

  • What a Woman! (1943) vum Irving Cummings
  • Sailor's Holiday (1944) vum William Berke
  • Knickerbocker Holiday] (1944) vum Harry Joe Brown
  • She's a Soldier Too (1944) vum William Castle
  • Together Again (1944) vum Charles Vidor
  • Tonight and Every Night (1945) vum Victor Saville
  • Dancing in Manhattan (1945) vum Henry Levin
  • Escape in the Fog (1945) vum Budd Boetticher
  • A Thousand and One Nights (1945) vum Alfred E. Green
  • Susie Steps Out (1946) vum Reginald Le Borg
  • The Fighting Guardsman (1946) vum Henry Levin
  • Two Smart People (1946) vum Jules Dassin
  • New Orleans (1947) vum Arthur Lubin
  • Living in a Big Way (1947) vum Gregory La Cava
  • The Gangster (1947) vum Gordon Wiles
  • A Double Life (1947) vum George Cukor
  • Killer McCoy (1947) vum George Cukor
  • Red River (1948) vum Howard Hawks
  • Larceny (1948) vum George Sherman
  • Cry of the City (1948) vum Robert Siodmak
  • South Sea Sinner (1949) vum H. Bruce Humberstone
  • Take One False Step (1949) vum Chester Erskine
  • The Great Gatsby (1949) vum Elliott Nugent
  • Johnny Stool Pigeon (1949) vum William Castle
  • Winchester '73 (1950) vum Anthony Mann
  • Frenchie (1950) vum Louis King
  • The Raging Tide (1951) vum George Sherman
  • He Ran All the Way (1951) vum John Berry
  • A Place in the Sun (1951) vum George Stevens
  • Behave Yourself! (1951) vum George Beck
  • Phone Call from a Stranger (1952) vum Jean Negulesco
  • Meet Danny Wilson (1952) vum Joseph Pevney
  • Untamed Frontier (1952) vum Hugo Fregonese
  • My Man and I (1952) vum William A. Wellman
  • Tennessee Champ (1954) vum Fred M. Wilcox
  • Saskatchewan (1954) vum Raoul Walsh
  • Playgirl (1954) vum Joseph Pevney
  • Executive Suite (1954) vum Robert Wise
  • Mambo (1954) vum Robert Rossen
  • I Am a Camera (1955) vum Henry Cornelius
  • The Night of the Hunter (1955) vum Charles Laughton
  • The Treasure of Pancho Villa (1955) vum George Sherman
  • The Big Knife (1955) vum Robert Aldrich
  • I Died a Thousand Times (1955) vum Stuart Heisler
  • The Diary of Anne Frank (1959) vum George Stevens
  • Odds Against Tomorrow (1959) vum Robert Wise
  • Let No Man Write My Epitaph (1960) vum Philip Leacock
  • The Young Savages (1961) vum John Frankenheimer
  • Lolita (1962) vum Stanley Kubrick
  • The Chapman Report (1962) vum George Cukor
  • The Balcony (1963) vum Joseph Strick
  • Wives and Lovers (1963) vum John Rich
  • Gli indifferenti (1964) vum Francesco Maselli
  • A House Is Not a Home (1964) vum Russell Rouse
  • The Greatest Story Ever Told (1965) vum George Stevens
  • A Patch of Blue (1965) vum Guy Green
  • The Three Sisters (1966) vum Paul Bogart
  • Harper (1966) vum Jack Smight
  • Alfie (1966) vum Lewis Gilbert
  • Enter Laughing (1967) vum Carl Reiner
  • The Scalphunters (1968) vum Sydney Pollack
  • Wild in the Streets (1968) vum Barry Shear
  • Buona Sera, Mrs. Campbell (1968) vum Melvin Frank
  • Arthur! Arthur! (1969) vum Samuel Gallu
  • The Mad Room (1969) vum Bernard Girard
  • Bloody Mama (1970) vum Roger Corman
  • How Do I Love Thee? (1970) vum Michael Gordon
  • Flap (1970) vum Carol Reed
  • Whoever Slew Auntie Roo? (1971) vum Curtis Harrington
  • What's the Matter with Helen? (1971) vum Curtis Harrington
  • The Poseidon Adventure (1972) vum Ronald Neame
  • Blume in Love (1973) vum Paul Mazursky
  • Cleopatra Jones (1973) vum Jack Starrett
  • Poor Pretty Eddy (1975) vum Richard Robinson
  • Journey Into Fear (1975) vum Daniel Mann
  • Diamonds (1975) vum Menahem Golan
  • That Lucky Touch (1975) vum Christopher Miles
  • La dahlia scarlatta (1976)
  • Something to Hide (1976) vum Alastair Reid
  • Next Stop, Greenwich Village (1976) vum Paul Mazursky
  • Le locataire (1976) vum Roman Polanski
  • Mimi Bluette... fiore del mio giardino (1977) vum Carlo Di Palma
  • Gran bollito (1977) vum Mauro Bolognini
  • Tentacoli (1977) vum Ovidio G. Assonitis
  • Un borghese piccolo piccolo (1977) vum Mario Monicelli
  • Pete's Dragon (1977) vum Don Chaffey
  • King of the Gypsies (1978) vum Frank Pierson
  • Stridulum (1979) vum Giulio Paradisi
  • City on Fire (1979) vum Alvin Rakoff
  • The Magician of Lublin (1979) vum Menahem Golan
  • S.O.B. (1981) vum Blake Edwards
  • Looping (1981) vum Walter Bockmayer
  • Fanny Hill (1983) vum Gerry O'Hara
  • Ellie (1984) vum Peter Wittman
  • Over the Brooklyn Bridge (1984) vum Menahem Golan
  • Deja Vu (1985) vum Anthony B. Richmond
  • Witchfire (1986) vum Vincent J. Privitera
  • Very Close Quarters (1986) vum Vladimir Rif
  • The Delta Force (1986) vum Menahem Golan
  • Purple People Eater (1988) vum Linda Shayne
  • An Unremarkable Life (1989) vum Amin Q. Chaudhri
  • Touch of a Stranger (1990) vum Brad M. Gilbert
  • Stepping Out (1991) vum Lewis Gilbert
  • The Pickle (1993) vum Paul Mazursky
  • Il silenzio dei prosciutti (1994) vum Ezio Greggio
  • Heavy (1995) vum James Mangold
  • Backfire! (1995) vum A. Dean Bell
  • Jury Duty (1995) vum John Fortenberry
  • Mrs. Munck (1995) vum Diane Ladd
  • Raging Angels (1995) vum Alan Smithee
  • The Portrait of a Lady (1996) vum Jane Campion
  • Gideon (1999) vum Claudia Hoover
  • La bomba (1999) vum Giulio Base
  • A-List (2004) (Cameo) vum Shira-Lee Shalit

Um Spaweck

Commons: Shelley Winters – Biller, Videoen oder Audiodateien