Sydney Pollack

US-amerikanesche Filmregisseur, -produzent a Schauspiller

De Sydney Pollack, gebuer den 1. Juli 1934 zu Lafayette, Indiana a gestuerwen de 26. Mee 2008 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmregisseur, -produzent a Schauspiller.

Sydney Pollack
GebuertsnummSydney Irwin Pollack
Gebuer1. Juli 1934
Lafayette
Gestuerwen26. Mee 2008
Pacific Palisades
DoudesursaachMokriibs
NationalitéitUSA
EducatiounNeighborhood Playhouse,
Stella Adler Studio of Acting
AktivitéitFilmproduzent, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Pilot, Charakterschauspiller, Regisseur

Dem Pollack seng Eltere ware russesch Judden, déi an d'USA agewandert waren. Hien huet seng Carrière an den 1960er Joren als Schauspiller an Televisiounsregisseur ugefaangen. 1962 hat hie seng éischt Filmroll am Krichsfilm War Hunt, wou och de Robert Redford seng éischt Roll hat. Zanterhier waren déi zwéi Frënn, an de Redford huet an e puer Filmer vum Pollack gespillt, wéi dee bis Regisseur gouf.

De Sydney Pollack huet ganz villsäiteg Filmer gemaach, wéi Western (Jeremiah Johnson), Literaturverfilmungen (Out of Africa), Politthrilleren (Three Days od the Condor), Melodramen (Random Hearts) a Comédien (Tootsie). Hie gouf dräimol fir en Oscar nominéiert; 1986 krut en dann och ee fir déi bescht Regie an Out of Africa.

Hie war zanter 1958 mat der Schauspillerin Claire Griswold bestuet, mat där en dräi Kanner hat. Hien ass 2008 u Kriibs gestuerwen.

Filmographie (als Regisseur)

Filmographie (als Schauspiller)

  • 1962 - War Hunt - Regie: Denis Sanders
  • 1982 - Tootsie - als George Fields
  • 1992 - The Player - Regie: Robert Altman - als Dick Mellon
  • 1992 - Husbands and Wives - Regie: Woody Allen - als Jack
  • 1998 - A Civil Action - Regie: Steven Zaillian - als Al Eustis
  • 1999 - Eyes Wide Shut - Regie: Stanley Kubrick - als Victor Ziegler
  • 2002 - Changing Lanes - Regie: Roger Michell - als Stephen Delano
  • 2005 - The Interpreter
  • 2006 - Fauteuils d'orchestre - als hie selwer
  • 2007 - The Sopranos - Regie: Alan Taylor - als Warren Feldman
  • 2007 - Michael Clayton
  • 2008 - Made of Hono

Um Spaweck

Commons: Sydney Pollack – Biller, Videoen oder Audiodateien