Sherlock Holmes

Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sherlock Holmes ass eng bekannt Figur aus den Detektiverzielunge vum englesche Schrëftsteller Sir Arthur Conan Doyle.

Sherlock Holmes
Sherlock Holmes, Kuelenzeechnung vum Sidney Paget (1904)
Gebuer6. Januar 1854
NationalitéitVereenegt Kinnekräich

Zesumme mat sengem Kolleeg Dr. Watson kënnt de gescheiten a raffinéierten Holmes all Verbriecher op d'Spur. Seng Haaptatoute si seng erstaunlech developpéiert Fäegkeet vun der Deduktioun, säi Sënn fir schaarf Beobachtungen a säi grousst Allgemengwëssen. Dobäi geet en awer dovun aus, datt een e Gehier grad wéi eng Komoud och kéint iwwerlaaschten an dofir mécht e säi Geescht fräi vun all fir hien onnëtzem Wëssen (z. B. datt d'Äerd ëm d'Sonn dréint).

Den Doyle huet seng Figur an hiert Ëmfeld sou realistesch beschriwwen, datt no engem BBC-Sondage vun 1959 ganzer 59 % vun den Englänner gemengt hunn, den Detektiv aus der 221B Baker Street, mat senger Päif a senger Gei, hätt wierklech gelieft.

Sherlock Holmes Romaner

  • A Study in Scarlet, 1887
  • The Sign of the Four, 1890
  • The Hound of the Baskervilles, 1902
  • The Valley of Fear, 1915

Sherlock Holmes Kuerzgeschichten

The Adventures of Sherlock Holmes, 1891-1892

  • A Scandal in Bohemia, 1891
  • The Adventure of the Red-Headed League, 1891

The Memoirs of Sherlock Holmes, 1894

  • Silver Blaze, 1892
  • The Adventure of the Cardboard Box, 1892

The Return of Sherlock Holmes, 1905

  • The Adventure of the Empty House, 1903
  • The Adventure of the Norwood Builder, 1903

His Last Bow, 1917

  • The Adventure of Wisteria Lodge, 1908
  • The Adventure of the Red Circle, 1911

The Case-Book of Sherlock Holmes, 1927

  • The Adventure of the Mazarin Stone, 1921
  • The Problem of Thor Bridge, 1922

Literatur

  • Martin Compart (Hrsg.), Das Sherlock-Holmes-Buch ; Frankfurt/M. & Berlin (Ullstein), 1987; 116 S. (ill.; Bibliogr.); ISBN 3-548-36536-1
  • Lucien-Jean Bord, Dictionnaire Sherlock Holmes ; Paräis (Le Cherche-Midi), 2008; 312 S.; ISBN 978-2-7491-1221-3

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Sherlock Holmes – Biller, Videoen oder Audiodateien