Sonnenteleskop

E Sonnenteleskop ass e speziellen astronomeschen Teleskop fir d'Observatioun vun der sougenannter Sonnen-Atmosphär.

Dat Swedish Solar Telescope um Roque-de-los-Muchachos-Observatoire op La Palma

Zu dëser zielen:

  • d'Photosphär (griich. Liicht-Kugel) – déi iewescht 300 km vun der Sonnenuewerfläch, vun där déi meescht Energie (als Liicht, UV an Infrarout) ofgestraalt gëtt, déi awer och Sonnegas a Form vun
  • d'Chromosphär déi méi schwaach liicht, an iwwer der Photosphär läit
  • d'Iwwerganksschicht
  • an déi gliddeg, awer ganz dënn Sonnekorona respektiv

Speziell Teleskope fir d'Observatioun vun dëse Sonneregioune sinn:

  • Tuermteleskopen (Sonnentierm), op hirer Plattform steet ee Coelostat (een dréibare Spigelsystem) dat d'Sonneliicht no ënne leet. Am Fokus vum Objektiv kann een optesch oder fotografesch observéieren an d'Spektren vun eenzele Sonneschichten oder och vu Sonneflecke moossen asw.
  • Koronograph – een Instrument fir d'Miessung vun der bannenzeger Korona. Duerch eng Kegelblend a speziell Filtere gëtt déi hell Sonn ewech gespigelt, wouduerch eng Aart kënschtlech Sonnendäischtert entsteet.
  • Spektroheliograph – fir Hierstellung vu Sonnebiller an engem enke Spektralberäich. Vum Spektrum gëtt duerch eng optesch Spléck, de Monochromator, eng gewësse Wellelängt erausgefiltert. Beweegt een d'Spléck iwwer d'Sonnebild, kritt ee mat engem Fotodetekter ee Scan vun der Sonn an der gewënschtener "Faarf" respektiv Schichtdéift.
  • H-alpha-Teleskop – fir d'Observatioun vun der Sonn am Liicht vum ioniséierten Waasserstoff bei 656,28 nm (Nanometer)

Zu der visueller Observatioun vun der Sonn an hire Matière-Eruptiounen déngen och:

  • Spektrohelioskop, dat bal d'selwecht wéi de Spektroheliograph schafft
  • Protuberanzen-Spektroskop, dat och d'Sonn an hir ausgestousse Filamenter scannt
  • Helioskop, an deem Glasscheiwen a -Prismen d'Sonneliicht ofschwächen.

Zousätzlech gëtt et nach den

  • Magnéitograph fir d'Miessung vu solare Magnéitfelder mat Hëllef vum Zeeman-Effekt an hirer Opzeechnung a Magnéitogrammen
  • Bolometer fir d'Miessung vun der totaler Stralung an de Solarkonstanten
  • Radio-Heliograph fir Detailënnersich vun der Sonnenatmosphär duerch speziell Interferometer
  • a weider Instrumenter.

Um Spaweck