Spideeler zu Lëtzebuerg
Definitiounen[1]
Spidol
Déi éischt Definitioun fir e Spidol zu Lëtzebuerg gouf mam Gesetz vun 1976[2] agefouert[3] an duerno, mam Gesetz vun 1998 ugepasst[4]. Dat aktuell Spidolsgesetz vun 2018[1] definéiert e Spidol als eng Ariichtung déi Patienten ophuele kann a sech haaptsächlech ëm d'Diagnostik, d'Iwwerwaachung an d'Behandlung am medezineschen oder chirurgeschen Beräich an ëm d'Gebuertshëllef këmmert, grad wéi ëm d'preventiv a palliativ Behandlung vu Patienten.
Anescht wéi z. B. a Frankräich wou e „Spidol“ ((fr) hôpital) en ëffentlecht an eng „Klinick“ ((fr) clinique) e privat Etablissement bezeechent, gi béid Wierder zu Lëtzebuerg mat der selwechter Bedeitung gebraucht[3].
Spidolszenter
E Spidolszenter (offiziell centre hospitalier) ass e Spidol dat eng breet Offer vun diagnosteschen an therapeutesche Behandlungen ubitt.
Spezialiséiert Klinick
Eng spezialiséiert Klinick (établissement hospitalier spécialisé) ass eng Klinick déi bestëmmt Besoine vun diagnosteschen an therapeutesche Behandlungen oder vu bestëmmten Erkrankungen erfëllt.
Heem fir Leit um Liewensenn
Engem Heem fir Leit um Liewensenn (établissement d'accueil pour personnes en fin de vie) seng Haaptaufgab ass déi stationär Behandlung vu Leit an engem avancéierten oder am Endstadium vun enger schwéierer an onheelbarer Krankheet.
Thermalbad
D'Missioun vun engem Thermalbad (établissement de cures thermales) ass fir therapeutesch Kueren unzebidden.
Diagnostikzenter
En Diagnostikzenter (centre de diagnostic) ass eng Ariichtung déi bestëmmt Besoine vun diagnostescher Betreiung vun den Patienten iwwerhëlt. Dozou gehéieren biomedezinesch Analysen, awer keng Fleeg.
Spidolsgruppen
Zu Lëtzebuerg gëtt et véier Spidolsgruppen:
Spidolsgrupp | Spideeler an deem Grupp | Websäit |
---|---|---|
Centre hospitalier de Luxembourg (CHL)[5] | CHL Site Centre, och Hôpital municipal genannt (Belair-Nord) | www.chl.lu |
Hôpitaux Robert-Schuman (HRS)[6] | Hôpital Kirchberg (Kierchbierg) | www.hopitauxschuman.lu |
Centre hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM)[7] | CHEM Esch-Uelzecht (Escher Spidol) | www.chem.lu |
Centre hospitalier du Nord (CHdN)[8] | CHdN Wolz, déi fréier Clinique Saint-Joseph | www.chdn.lu |
Donieft gëtt et nach déi follgend spezialiséiert Spideeler a Gesondheetsariichtungen:
Numm | Uertschaft | Typ | Spezialisatioun | Websäit |
---|---|---|---|---|
Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP) id Therapiezenter Useldeng id Therapiezenter Manternach | Ettelbréck | Spezialiséiert Klinick | Psychiatresch Rehabilitatioun | www.chnp.lu |
Centre François-Baclesse | Esch-Uelzecht | Spezialiséiert Klinick | Radiotherapie fir Kriibspatienten | www.baclesse.lu |
Centre national de rééducation fonctionelle et de réadaptation, och nach Rehazenter genannt | Kierchbierg | Spezialiséiert Klinick | Physesch Rehabilitatioun | www.rehazenter.lu |
Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle, och nach Häerz-Zenter genannt | Belair-Nord, um Site vum Centre hospitalier | Spezialiséiert Klinick | Häerzkrankheeten | www.incci.lu |
Hôpital intercommunal de Steinfort | Stengefort | Spezialiséiert Klinick | Rehabilitatioun fir Geriatriepatienten | www.his.lu |
Centre de réhabilitatioun - Château de Colpach | Nidderkolpech | Spezialiséiert Klinick | Physesch Rehabilitatioun a rehabilitatioun no enger Kriibsbehandlung | www.rehabilitation.lu |
Thermalbad Munneref | Munneref | Thermalbad | Thermalmedizin a -kueren | www.mondorf.lu |
Haus Omega | Hamm | Heem fir Leit um Liewensenn | Stationär palliativ Betreiung | www.omega90.lu |
Laboratoire national de santé | Diddeleng | Diagnostikzenter | Diagnostikzenter | www.lns.lu |
Fréier Spideeler
Zu de fréiere Spideeler zu Lëtzebuerg zielen ënner anerem:
- d'Metze Spidol zu Esch-Uelzecht;
- d'Klinicke Saint-François a Saint-Joseph um Fëschmaart an der Stad;
- D'Clinique Sacré-Cœur um Belair;
- d'Elisabetherinnerklinick an der Arsenalstrooss an der Stad.
Um Spaweck
Commons: Spideeler zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |