Stéphanie vu Lëtzebuerg

zukünfteg Groussherzogin vu Lëtzebuerg

D'Stéphanie vu Lëtzebuerg, gebuer den 18. Februar 1984 als Gräfin Stéphanie Marie Claudine Christine de Lannoy zu Ronse an der Belsch, ass d'Fra vum lëtzebuergeschen Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg an domat déi zukünfteg Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Stéphanie vu Lëtzebuerg
Gebuer18. Februar 1984
Ronse
NationalitéitBelsch, Lëtzebuerg
EducatiounUniversitéit vu Léiwen,
Humboldt-Universitéit Berlin
AktivitéitAristokrat
Famill
Bestuet matGuillaume vu Lëtzebuerg
PappPhilippe de Lannoy
MammAlix de Lannoy
KannerCharles vu Lëtzebuerg, François vu Lëtzebuerg

Famill

D'Stéphanie de Lannoy ass dat aacht a jéngst Kand vum Grof Philippe de Lannoy an der Gräfin, gebuer Alix della Faille de Leverghem (1941-2012)[1]. Si ass um Familljesëtz zu Anvaing an der belscher Provënz Hainaut, no bei Ronse, opgewuess.

D'Verlobung mam Ierfgroussherzog Guillaume war de 27. Abrëll 2012 zu Lëtzebuerg.Virun hirer Hochzäit mam Ierfgroussherzog Guillaume huet se duerch e Spezialgesetz déi lëtzebuergesch Nationalitéit kritt[2]. Déi zivil Hochzäit war den 19. Oktober 2012 am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg duerch de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel. Déi kierchlech Feier gouf den 20. Oktober 2012 an der Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg vum Äerzbëschof Hollerich zelebréiert.

De 10. Mee 2020 koum hiert éischt Kand, de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume, op d'Welt.[3] De 27. Mäerz 2023 koum hiren 2. Jong de François Henri Luis Marie Guillaume op d'Welt.

Ausbildung

D'Stéphanie de Lannoy ass zu Ronse an d'Primärschoul Sancta Maria gaangen. Duerno huet si 2 Joer Sekundarstudien am Collège Sainte-Odile zu Lambersart an Nordfrankräich gemaach, déi se dunn zu Bréissel am Institut de la Vierge Fidèle komplettéiert huet wou si och 2002 hiren Ofschlossdiplom krut.

Mat 18 Joer war si e Joer zu Moskau fir Russesch Literatur ze studéieren. Do huet se och hir Praxis am Geiespill verdéift.

Am Uschloss huet si op der Universitéit vu Louvain-la-Neuve Germanistik studéiert an hiren Ofschloss mat grousser Auszeechnung gemaach. Si huet hire Studium nach zu Berlin vervollstännegt mat enger Ofschlossaarbecht iwwer den Afloss vun der däitscher Romantik op déi russesch Romantik, an duerno e Stage bei der Agence Wallonne à l'Exportation bei der belscher Ambassade zu Berlin gemaach.

Wéi si nees an der Belsch war, huet si fir eng Investissementsgesellschaft geschafft.

Hir Mammesprooch ass Franséisch, si schwätzt nach Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch, Italieenesch, Hollännesch a Russesch.

D'lëtzebuergesch Branche vun der Famill de Lannoy

Bis an d'19. Joerhonnert gouf et eng lëtzebuergesch Branche vun der Famill de Lannoy. Si geet zeréck op de Claude de Lannoy, dee sech 1617 mat der Claudine d'Eltz bestuet hat. Si war d'Duechter vum Godefroid d'Eltz an der Elisabeth de Heu, déi d'Schlass an d'Herrschaft vu Klierf nom Doud vun hirem Papp, dem Gaspar de Heu vu Beefort, geierft hat.[4]

Um Spaweck

Commons: Stéphanie vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen