Thüngen (Bayern)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Thüngen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Thüngen.


Thüngen ass eng Maartgemeng mat 1.375 Awunner am Bezierk Unterfranken (Bayern) am Landkrees Main-Spessart. Si ass en Deel vun der Verwaltungsgemeinschaft Zellingen.

Thüngen
LandDäitschland
BundeslandBayern
RegierungsbezierkËnnerfranken
KreesMain-Spessart
Awunner1.454
 (31. Dezember 2022)
Fläch13.61
Héicht199
Koordinaten49°56'32"N, 9°51'34"O
Telefonszon09360
Postcode97289
Websäithttp://www.markt-thuengen.de

Geographie

Thüngen läit an der Regioun Würzburg op der Wern, 25 km nërdlech vu Würzburg an 30 km westlech vu Schweinfurt.

Geschicht

D'Maartplaz Thüngen am haitege Bezierk Unterfranken gëtt als Tungende am Joer 788 fir d'éischt an engem Dokument opgefouert a war eng Seigneurie vun de Fräihäre vun Thüngen. D'Uertschaft huet vun 1806 zum Groussherzogtum Würzburg gehéiert, dat dem Äerzherzog Ferdinand vun Toskana gehéiert huet bis et mat de Paräisser Verträg vun 1814 bei Bayern geprafft gouf..

Kuckeswäertes

Thüngen ass de Sëtz vun den Häre vun Thüngen. Zu Thüngen selwer stinn zwee Schlässer déi vun der Adelsfamill bewunnt sinn. D'Haus Thüngen huet nach an 80 Uertschafte Schlässer, Buergen an Häff, an nach vill Bëscher a landwirtschaftlech Terrainen a ganz Franken.

Um Spaweck