Uewerkäerjeng
Uewerkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng.
Uewerkäerjeng | |
---|---|
Al Schoul, aalt Paschtoueschhaus a Kierch | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Hautcharage de: Oberkerschen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Käerjeng |
Buergermeeschter | Michel Wolter (CSV) |
Awunner | 1.970 [1] |
01.01.2024 | |
Fläch | 588,7577 ha[2] |
Héicht | 308 m |
Koordinaten | 49° 34’ 32’’ N 05° 54’ 36’’ O |
Geographie
Uewerkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Nopeschdierfer sinn der Auer no: Kënzeg, Féngeg, Héiweng, Schuller, Nidderkäerjeng, Lénger.
D'Mierbaach, déi südlech vum Boufferdanger Muer entspréngt, leeft duerch Uewerkäerjeng.
Geschicht
D'Kierch Hellegen Dionysus (Saint-Denis) ass 1744 gebaut an de 15. August 1761 vum Tréirer Weibëschof Johann Nikolaus von Hontheim geweit ginn. D'Kierchemiwwele stamen aus dem Barock. [3]
Verkéier
D'Uertschaft ass iwwer den CR110a an den CR111 un d'Stroossennetz ugeschloss. Se gëtt vum RGTR- a vum TICE-Busreseau ugefuer.
Uewerkäerjeng war bis 1967 iwwer d'Atertlinn mam Eisebunnsreseau verbonnen. Déi fréier Gare ass ofgerappt ginn [4]. Do wou fréier d'Atertlinn gelaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.
Sport
De fréiere Foussballclub FC Jeunesse Hautcharage huet an der Saison 1970/71 d'Coupe de Luxembourg gewonnen. De Veräin aus der éischter Divisioun konnt sech an der Finall géint d'Jeunesse Esch mat 4:1 no Verlängerung duerchsetzen. Am Europapokal vun de Pokalgewënner huet de Veräin an der éischter Ronn géint den Titelverdeedeger Chelsea F.C. missen untrieden. D'Jeunesse Hautcharage huet 0-8 doheem an 13-0 auswäerts verluer a mat enger Goldifferenz vun 0-21 an enger Ronn en Negativrekord opgestallt, deen ëmmer nach besteet. [5]
Den aktuelle Foussballclub UN Käerjéng 97 ass 1997 duerch d'Fusioun vun de fréiere Veräiner FC Jeunesse Hautcharage an US Bascharage entstanen. D'Heemmatcher vum Fusiounsveräin goufe bis 2011 am Stade um Bëchel zu Uewerkäerjeng gespillt, dee mëttlerweil ofgerappt ass. Deen neie Stadion Käerjenger Dribbel steet zu Nidderkäerjeng [6].
Kuckeswäertes
- D'Kierch vun Uewerkäerjeng;
- Den ale Wäschbuer;
- D'Péiteschhaus am Maria-Theresia-Stil, Gebuertshaus vum Michel Gloesener (10, rue Jean-Pierre Origer);
- D'Naturschutzgebitt Griechten, Quellgebitt vun der Mierbaach;
- D'Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer tëscht Féngeg an Uewerkäerjeng.
6 Gebaier zu Uewerkäerjeng sinn an der Lëscht vun den nationale Monumenter agedroen. Dozou gehéieren dräi Bauerenhaiser, dat aalt Paschtoueschhaus, eng Kapell an d'Kierch.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Käerjeng.
.
Perséinlechkeeten
- Michel Gloesener (1794-1876), Physiker an Universitéitsprofesser op der Universitéit vu Léck;
- Henri Kellen (1927-1950), Vëlossportler, dobäi bei den Olympesche Summerspiller vun 1948;
- Michel Wolter (*1962), député-maire, fréieren Inneminister;
- David Bottacin alias David Goldrake, Zauberkënschtler.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |