Wikipedia:Communautéitssäit/Archiv Neies Wikimedia asbl
Abrëll 2023
3 Wikipedianer vertrieden d'ASBL um Radio 100,7 an der Emissioun "Am Fong" mat der Natasha Ehrmann
Wikipedia-Formatioun vun 2 Wikipedianer bei Gero.lu an hirem Sëtz zu Izeg. An dëser Formatioun gouf den Artikel GERO – Kompetenzzenter fir den Alter ugeluecht.
Mäerz 2023
1 Wikipedianer war um "Owend mam Alain Atten", organiséiert vum Cercle Culturel et Historique de Leudelange
Februar 2023
2 Wikipedianer ware bei der Iwwerreechung vum Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, dee vum Educatiounsministère am Stater Jongelycée iwwerreecht gouf.
Januar 2023
2 Wikipedianer waren um Neijooschpatt vun der Actioun Lëtzebuergesch
Generalversammlung vun der ASBL am Centre culturel "An der Eech" zu Leideleng. De Rapport steet am Gemengebuet Nr. 148, S. 45-46.
Dezember 2022
2 Wikipedianer ware fir eng Wikipedia-Formatioun am Nationale Militärgeschichtsmusée
4 Wikipedianer ware beim Dezemberpatt mat der Virstellung vun engem Prototyp fir Sproocherkennung op Lëtzebuergesch, dee vum ZLS an dem Educatiounsministère organiséiert gouf.
2 Wikipedianer hu Wikimedia.lu op der Journée du Benevolat 2022 vertrueden.
November
5 Wikipedianer waren op de Walfer Bicherdeeg.
Juni 2022
4 Wikipedianer hu Wikimedia.lu zu Leideleng beim Welcome Drink vertrueden, op deen d'Integratiounscommissioun agelueden hat.
Um Virowend vun Nationalfeierdag war Wikimedia.lu bei de lokale Feierlechkeeten zu Leideleng vertrueden.
4 Wikipedianer ware bei der Virstellung vum fuschneien LOD am Forum Geesseknäppchen derbäi.
Mäerz 2022
Konferenz zu Leideleng iwwer Wikipedia am Kader vum 31. Formateursdag vun der ASBL Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch.
Januar 2022
Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng. Bei der Generalversammlung war och d'Presidentin vun der Moien ASBL Denise Heiderscheid an de President vun der Actioun Lëtzebuergesch Claude Bache present. De Rapport gouf am Leidelenger Gemengebuet Nr 144, S. 74f verëffentlecht.
November 2021
Wikimedia Lëtzebuerg gëtt mat der Plaquette 'Dicks-Rodange-Lentz' am Sëlwer vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.
Mee 2021
Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng am grousse Sall vum Kulturzentrum "An der Eech". De Rapport gouf am Leidelenger Gemengebuet Nr 141, S. 47f verëffentlecht.
Dezember 2020
Wikimedia Lëtzebuerg ass och bei der Agence vum Benevolat vertrueden.
Februar 2020
De Veräin Wikimedia Lëtzebuerg besicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a kritt Erklärungen iwwer den LOD.lu.
Mäerz 2019
Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng, wou och elo den Sëtz ass.
Januar 2018
Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht an am Uschloss Treffe vun all de Wikipedianer.