Benevolat

De Benevolat (lat. benevolus - "mat guddem Wëllen"), och nach Éierenamt genannt, ass eng fräiwëlleg, net bezuelten Aktivitéit am Déngscht vun Aneren oder vun der Gemeinschaft an engem Kader baussent der Solidaritéit an der Famill oder am Frëndeskrees. Zanter 1986 ass all Joer de 5. Dezember den Internationalen Dag vum Benevolat.

Fräwëlleger hëllefe beim Botze vum Strand no enger Uelegpescht a Spuenien (2002)

E Benevolen ass deemno eng Persoun déi sech fräiwëlleg engagéiert am Déngscht vun Aneren oder der Gemeinschaft ouni dofir bezuelt ze ginn.

"Et gëtt praktesch souvill Ursaache fir d'Éierenamt wéi et Benevole gëtt"[1]. Generell existéiert d'Éierennamt am Kader vu Veräiner, Gewerkschaften oder politesche Parteien. De Benevolat spillt a wichtege gesellschaftlechen a soziale Beräicher eng prominent Roll, sou zum Beispill bei der Protex a bei de Pompjeeën. Och d'Wikipedia entsteet zum gréissten Deel duerch éierenamtlech geleeschten Aarbecht[2].

An der Wirtschaft gehéiert d'Benevolat zu de net-kommerziellen Aktivitéiten. Well déi geleeschten Aarbecht net berechent gëtt ass d'Gewiicht vum Éierenamt am PIB ënnerbewäert, wougéint déi net-kommerziell Leeschtunge vum ëffentlechen Déngscht wéinst de Gehälter voll an de PIB erafléissen.

De 5. Dezember 2014 hunn zu Lëtzebuerg 245 Associatiounen[3] aus alle Secteuren als éischt d'Charta vum Benevolat offiziell ënnerschriwwen[4].

Leader-Handbuch fir d'Veräiner

Tëscht 1996 an 1999 hunn d'Leader-Gruppen Klierf-Veianen a Réiden op der Atert-Wolz zesumme mat dem Veräin Stad a Land asbl d'Leader-Handbuch fir Veräiner, Initiativen a Projete trimesterweis erausbruecht[5]. Dëse Vademecum huet wäertvoll Informatiounen a praktesch Ënnerlage fir den Alldag vum Veräinsmember a vum Projetsträger geliwwert.

All Ausgab behandelt e bestëmmt Theema, stellt virbildlech Projeten aus dem In- an Ausland vir, a presentéiert Subventiounen déi fir Veräiner an aner Initiativen interessant kënne sinn.

Zanterhier ass d'Handbuch net méi ugepasst ginn, stellt awer nach ëmmer eng eenzegaarteg a wichteg Dokumentatioun duer.

Association du bénévolat

Dat Internationaalt Joer vum Benevolat vun der UNO am Joer 2001 war Ustouss fir verschidden Aktiounen zu Lëtzebuerg, déi vum Familljeministère ausgaange sinn, ënner anerem d'Grënnung vum Veräin «Association du bénévolat asbl» de 16. September 2002.

Am Artikel 2 vun de Statute[6] gi follgend Ziler opgelëscht:

  • Fërdere vun Initiativen am Beräich vum Éierenamt;
  • Begrënnung a Bedreiwe vun der «Agence du bénévolat»;
  • Begrënnung a Bedreiwe vun der «Fondation du bénévolat»;
  • Reegelméissegt Initiéiere vun den «Assises du bénévolat»;
  • Fërdere vun Etablissementer, Veräiner, Wierker oder Persounen déi en änlechen Objet verfollegen.

Zu de Grënnungsmemberen ziele mat deene gréisste Veräiner am Land:

Agence du bénévolat

De Veräin «Association du bénévolat asbl» huet sech dunn 2003 eng operationell Struktur ginn, d'«Agence du bénévolat», déi follgend Haaptaufgaben huet:

  • Empfank, Informatioun an Orientéierung vu Benevolen onofhängeg vun Alter an Nationalitéit;
  • Vermëttler tëscht Benevolen a Veräiner;
  • Ubidde vu Formatioune fir d'Éierenamt ze fërderen;
  • Ëffentlechkeetsaarbecht leeschten, fir d'Rahmebedingunge vum Éierenamt ze verbesseren.

Prix du Mérite du Bénévolat

Am Kader vum offiziellen Ofschloss vum Europäesche Joer vum Benevolat 2011, goufen um Internationalen Dag vum Benevolat fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg de "Prix du Mérite du Bénévolat" an och e "Prix d'Encouragement" verginn. Dës Präisser, déi mat 1000 € dotéiert sinn, sollen all Joer fir Initiativen am Beräich vum Benevolat vergi ginn. Dës Initiativ mussen innovativ a realistesch, qualitéitsoptiméiert an iwwer eng laang Zäit uwennbar sinn, huet de President vun der Jury Henri Ahlborn ënnerstrach.

De Groussherzog Henri an d'Groussherzogin Maria Teresa hunn dës Präisser iwwerreecht.

Prix du Mérite du Bénévolat 2011

  • Croix-Rouge luxembourgeoise - Eng Hand fir déi Krank fir de Projet "Initiative Démence" am Déngscht vun der Liewensqualitéit vun Demenzkranker
  • Caritas Acceuil et Solidarité a.s.b.l. fir de Projet "Rebuilding" am Déngscht vun de Leit ouni Wunneng, deen am Foyer Ulysse ugebuede gëtt.
  • La main tendue a.s.b.l Angela fir de Projet "Centre d'aide et d'écoute pour enfants et adolescents contre la violence physique, psychique et sexuelle"
  • Omega 90 a.s.b.l. fir de Projet "Omega mécht Schoul", deen d'Theeme Stierwen an Doud an engem Pilotprojet der Grondschoul agefouert hunn.

Prix d'Encouragement 2011

  • Mouvement pour l'Egalité des Chances - MEC a.s.b.l. fir de Projet "Service régional de médiation sociale de gestion de conflits de voisage" am Kader vun de Leader-Projeten "Mëllerdall" a "Miselerland".

Literatur

  • Dossier Ehrenamtliches Engagement / Bénévolat. Forum für Politk, Gesellschaft und Kultur 270: 27-44. 2007.
  • Lejealle B 2002. Le travail bénévole au Luxembourg. Population et emploi n°2. CEPS/Instead.
  • Reger-Beau Nicole 2007. Ensemble, on atteint ses objectifs. Dossier Ehrenamtliches Engagement / Bénévolat. Forum für Politk, Gesellschaft und Kultur 270: 34-37.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Benevolat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen