Wiktor Igorewitsch Faisulin
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Wiktor Igorewitsch Faisulin (op Russesch: Виктор Игоревич Файзулин), gebuer den 22. Abrëll 1986 zu Nachodka an der Regioun Primorje, ass e fréiere russesche Foussballspiller op der Mëttelfeldpositioun[1],[2].
Wiktor Igorewitsch Faisulin | |
---|---|
Gebuer | 22. Abrëll 1986 Nachodka |
Nationalitéit | Russland |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Gréisst | 176 Zentimeter |
Gewiicht | 72 kg |
Veräin/Ekipp | Zenit Sankt Péitersbuerg, Russesch Foussballnationalekipp |
Hien huet seng Profiscarrière 2004 ugefaangen an am Joer 2018 opgehalen. Hien huet a senger Carrière fir Okean Nachodka (2004), SKA-Energija Chabarowsk (2004–06), Spartak Naltschik (2007) a fir de Senit St. Péitersbuerg (2008–18, faktesch bis 2015[3]) gespillt[1]. D'Haaptursaach vum Ofbroch vun der Foussballaktivitéit war eng Knéiarthros[4].
Vun 2012 bis 2014 huet de Faisulin 24-mol fir déi russesch Foussballnationalekipp gespillt, an huet 4 Goler geschoss[3]. Seng Participatioun an der russescher Nationalekipp a beim FK Senit war ganz erfollegräich[4], allerdéngs huet eng Serie vu schwéieren Traumae seng Carrière ruinéiert. Wéinst senger laanger Ofwiesenheet am Kader vun der Ekipp gouf hien en notoresche Spottobjet am Internet[5].
Den Ex-Foussballspiller lieft zu Sankt Péitersbuerg[6].
Um Spaweck
Commons: Wiktor Faisulin – Biller, Videoen oder Audiodateien |