Wir sind Helden

däitsch Pop-Rockband

Wir sind Helden ass eng däitsch Pop-Rockband déi 2000 gegrënnt gouf an zu den erfollegräichsten däitschesproochege Gruppe vun den 2000er gehéieren. Am Abrëll 2012 huet si bekannt ginn, datt si bis op Weideres eng Paus géifen aleeën.

Wir sind Helden
Wir sind Helden (2005)
GenrePop-Rock
Land: Däitschland
Grënnung2001
Websäitwww.wirsindhelden.com
Bandmemberen
Gesank, Gittar, Text:Judith Holofernes
Gittar, Keyboard:Jean-Michel Tourette
Batterie:Pola Roy
Bass, Gittar:Mark Tavassol

Bandgeschicht

Ouni Majorlabel koum Wir sind Helden 2002 mam Lidd Guten Tag an déi däitsch Single-Charts. E Joer méi spéit ass hiren Album Die Reklamation verëffentlech ginn, deen et an där éischter Woch direkt op Plaz 6 vun den däitschen Album-Charts gepackt huet an duerno souguer Plaz 2 erreecht huet. En zielt zu de meeschtverkaaften Albume vun de Joren 2003 an 2004 n Däitschland. Och 2005 hu si mat hirem zweeten Album Von hier an blind direkt an der éischter Woch op d'Spëtzepositioun koum. Och hiren éischten Album ass no der Verëffentlechung vum zweeten erëm bis op d'Plaz 38 an den Charts geklomm.

Zu där Zäit hu si och japanesch- a franséischsproocheg Versioune vun hire Lidder opgeholl, éier am Mee 2007 den drëtte Studiosalbum Soundso op de Maart koum. 2008 huet d'Band d'Buch Wir sind Helden – Informationen zu Touren und anderen Einzelteilen publizéiert.

No enger Paus ass d'Grupp 2010 erëm an de Studio gaange fir de véierten Album opzehuelen. Bring mich nach Hause ass 2010 erauskomm. Am Fréijoer 2012 huet d'Band op hirer Websäit erkläert, datt si géife fir eng onbestëmmt Zäit eng Paus maachen.

D'Helden, wéi se och nach genannt ginn, ginn als Virreider vun enger Beweegung ugesinn, aus där eraus am Joer 2004 weider jonk däitsch Bands wéi Silbermond a Juli entstane sinn.

Discographie

Albumen

JoerTitelChartpositiounen [1]Verëffentlechungsdatum
DEATCH
2003Die Reklamation23384. Juli 2003
2005Von hier an blind1151. Abrëll 2005
2007Soundso221125. Mai 2007
2010Bring mich nach Hause111327. August 2010
2011Tausend wirre Worte - Lieblingslieder 2002-201012508721. Januar 2011

Singles

JoerTitelChartpositiounen [1]Verëffentlechungsdatum
DEATCH
2003Guten Tag
Die Reklamation
533. Februar 2003
2003Müssen nur wollen
Die Reklamation
5712. Mee 2003
2003Aurélie
Die Reklamation
4715. September 2003
2004Denkmal
Die Reklamation
264119. Januar 2004
2005Gekommen um zu bleiben
Von hier an blind
2443928. Februar 2005
2005Nur ein Wort
Von hier an blind
281317. Mee 2005
2005Von hier an blind
Von hier an blind
425330. September 2005
2006Wenn es passiert
Von hier an blind
413413. Januar 2006
2007Endlich ein Grund zur Panik
Soundso
343227. Abrëll 2007
2007Soundso
Soundso
626. Juli 2007
2007Kaputt
Soundso
699. November 2007
2008Die Konkurrenz
Soundso
28. Mäerz 2008
2010Alles
Bring mich nach Hause
3620. August 2010
2010Bring mich nach Hause
Bring mich nach Hause
905. November 2010
2011Alles auf Anfang
Bring mich nach Hause
6325. Februar 2011
2011Die Ballade von Wolfgang und Brigitte
Bring mich nach Hause
9912. August 2011

Auszeechnungen a Gielercher

Echo:

  • 2004: Bester nationaler Radio-Nachwuchs
  • 2004: Bester Newcomer National
  • 2004: Bestes deutsches Newcomer-Video
  • 2004: Marketing (fir d'Museklabel EMI)
  • 2006: Beste nationale Rock/Pop-Gruppe

1 Live Krone:

  • 2003: Bester Newcomer
  • 2004: Bester Live-Act
  • 2005: Bestes Album (Von hier an blind)
  • Eins Live-Kroun als "Bester Newcomer" 2003 an als "Bester Live-Act" 2004
  • ECHO 2006 an der Kategorie:
  • Bescht national Rock-/Pop-Grupp

European Border Breakers Award

  • 2005: Die Reklamation

Deutscher Musikautorenpreis

  • 2009: Text Rock/Pop (Judith Holofernes)

Wir sind Helden zu Lëtzebuerg

Um Spaweck

Commons: Wir sind Helden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen