Zakynthos

Zakynthos (neigriichesch Ζάκυνθος; italieenesch Zante; am Altertum Hýria) ass mat enger Fläch vun ongeféier 410 km² no Korfu a Kephalonia déi drëttgréisst a südlechst Insel vun den ioneschen Inselen. Si huet ongeféier 38.000 Awunner an ass haut d'Prefektur Zakynthos. D'Haaptstad ass d'Stad mat deem selwechten Numm Zakynthos, gëtt awer meeschtens Chora genannt.

Zakynthos
Zakynthos
Zakynthos
Fläch410 km²
Héchst Plaz758 m
Awunnerzuelzirka 38.000
Bevëlkerungsdicht94 Awunner/km²
HaaptstadZakynthos
Gréisst StadZakynthos
WebsäitZakynthos Online
(Englesch)
Kart

Zakynthos gouf vill Joerhonnerte vun de Venezier dirigéiert déi d'Insel "Fior di Levante" (Blumm vum Osten) genannt hunn. D' Awunner nennen d'Insel "Zante".

Geographie

Bevëlkerung

Déieren op der Insel

Mierschildkröten (Caretta caretta)

Déi Onecht Karettschildkröt (Caretta caretta) leeft d'Gefor fir auszestierwen. Si kënnt op d'Plagen am Süde vun der Insel hir Eeër leeën. Fir datt se net ze vill solle gestéiert ginn, sinn d'Plagen an der Brutzäit owes zou, an déi Plaze wou se hir Eeër geluecht hu gi mat Gittere protegéiert. Op dëse Plage sinn och keng motoriséiert Waassersportaarten zougelooss.

Ekonomie

Geschicht

Gemengen

GemengGemengenummerSëtzPostcode
Alykes1601Alykes290 90
Arkadi1602Vanato291 00
Artemisio1603Macherado290 92
Elata1604Volimes290 91
Zakynthos1605Zakynthos291 00
Lagana1606Lagana290 92

Kuckeswäertes

  • Shipwreck Bay
  • Blo Grotte beim Kap Skinari
  • Limni Keriou
  • Marathonisi

Um Spaweck

Commons: Zakynthos – Biller, Videoen oder Audiodateien