Ziolkowski (Stad)

Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Ziolkowski (op Russesch: Циолковский) ass eng kleng zoue Stad am Oblast Amur am Fären Osten a Russland. Si ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Uglegorsk. Si läit eng 180 km nërdlech vu Blagoweschtschensk, dem Verwaltungszentrum vun der Regioun, um Uwänner vum Bolschaja Pjora, engem Niewefloss vum Seja. Eng 20 km südëstlech dervu läit de Kosmodrom Wostotschny.

Ziolkowski
LandRussland
FederatiounskreesFären Osten
StatusOblast
RegiounAmur
Gegrënnt1961
Awunner5.686 (1995; 2000; 2001; 2002; 2003; 2004; 2009; 2010; 2011; 2012; 2013; 2014; 2015; 2016; 2017; 2018; 2019; 2020; 2021; 2023)
Fläch63
Koordinaten51°45'36,91"N, 128°7'16,23"O
Telefonszon41643
Postcode676470
Websäithttp://затоциолковский.рф

Si huet 6.328 Awunner (Stand: 2016)[1] an eng Fläch vun zirka 63 km².

Nei Wunnengen am Bau an der Stad Ziolkowski (2015)

Ziolkowski gouf am Joer 1961 als Uglegorsk (Углегорск) gegrënnt. Eng fofzeg Joer dono gouf nieft dem Uert de Kosmodrom Wostotschny gebaut, deen 2015 de Betrib ophuelen an no an no d'Weltraumgare Baikonur am Kasachstan ersetze soll. An dësem Zesummenhank krut den Uert am September 2015 d'Stadrechter a gouf den 30. Dezember 2015 zu Éiere vum russesche Raumfaartpionéier Konstantin Ziolkowski an Ziolkowski ëmbenannt.[2] Den éischte Rakéitestart vum Kosmodrom war den 28. Abrëll 2016.

Um Spaweck

Commons: Ziolkowski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen