Jean-Pierre Ecker
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
Jean-Pierre Ecker | |
---|---|
Gebuer | 23. September 1869 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 25. Abrëll 1929 Bissen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Partei | Rietspartei |
De Jean-Pierre Ecker, gebuer den 23. September 1869 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Abrëll 1929 zu Bissen[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an Deputéierten.[2]
Hie gouf 1910 zu Bissen an de Gemengerot gewielt, huet awer schonn no 4 Méint do demissionéiert.[2]
Hie war 1914 ee vun de Matgrënner vun der Rietspartei.[2]
Hie war vun 1915 un Deputéierten an der Chamber, gouf awer bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 net direkt erëmgewielt an ass 1920 an d'Chamber nogeréckelt, wuer hien 1925 erëmgewielt gouf a wou e bis zu sengem Doud Deputéierte war.[2]